Roquefort ass eng franséisch Gemeng am Departement Landes an der Regioun Nei-Aquitaine.

Roquefort

Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Wope vum Departement Landes Landes
Arrondissement Mont-de-Marsan
Kanton Haute Lande Armagnac
Postcode 40120
Gemengecode 40245
Koordinaten 44° 02’ 03’’ N
      09° 19’ 17’’ O
Fläch  1.212 ha
Bevëlkerung  1.912 (2007)

Geographie änneren

Roquefort läit op enger Héicht vun 49 bis 95 Meter um Zesummefloss vun der Douze an dem Estampon, am Pays de Marsan deen do un den Albret an den Armagnac stéisst.

Verkéier änneren

D'Uertschaft ass un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Route nationale 132 an d'Route nationale 134. Am Norde vun der Uertschaft gëtt et zanter Dezember 2010 en Uschloss un d'A65.

Fréier war d'Uertschaft un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Streck Mont-de-Marsan - Marmande. An der Gare vu Roquefort gouf et och en Uschloss un d'Schmuelspuerbunn Roquefort-Lencouacq déi vun 1907 bis 1934 haaptsächlech fir d'Exploitatioun vun Holz an Haarz benotzt gouf.

Uertschaft virdrun
Retjons
Jakobswee

Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
Mont-de-Marsan

Kuckt och änneren