Roque de los Muchachos Observatoire

De Roque de los Muchachos Observatoire (span. Observatorio del Roque de los Muchachos, kuerz ORM) ass eng Usiidlung vun Observatoiren um Hang vum Roque de los Muchachos op der Kanarescher Insel La Palma. Zesumme mat dem Teide Observatoire op Teneriffa bilt den ORM den European Northern Observatory.

D'Roque de los Muchachos Observatoire

Allgemeng änneren

D'astrophysikalesch Observatoiren haten am Joer 1985 hir offizell Ouverture. En ettlech europäesch Länner sinn un der Anlag bedeelegt, déi eng vun de wichtegste vun där Aart weltwäit ass. Ausschlaggiewend fir d'Standplaz vum Projet waren déi klimatesch Bedingungen um héchste Bierg vu La Palma. Do sinn extreem vill wollekefräi Nuechten ze verzeechnen, zwar hänken tëscht 1.000 bis 2000 Meter Héicht dacks Wolleken, wat awer d'Observatioune net beaflosst. D'Loft op dem Roque de los Muchachos ass besonnesch kloer.

Geschicht änneren

Am Joer 1979 goufen Ofkommes tëscht Santa Cruz de La Palma an de Staate Spuenien, Schweden, Dänemark a Groussbritannien ënnerzeechent, dat hinnen astrophysikalesch Fuerschunge op dem Roque de los Muchachos erlaabt. Weider Länner hu sech ugeschloss, z. B.:Däitschland am Joer 1983. Feierlech ageweit gouf déi wëssenschaftlech Institutioun den 29. Juni 1985.

De 24. Juli 2009 gouf dat mat 10,4 m Duerchmiesser – weltwäit – gréisst Spigelteleskop, Gran Telescopio Canarias (GRANTECAN) vum spuenesche Kinnek Juan Carlos an der Kinnigin Sophia feierlech a Betrib geholl.

Teleskopen änneren

Déi gréisst Observatoire si mat Spigelteleskope ageriicht, déi hei nom Duerchmiesser vum Haaptspigel zortéiert sinn:

Déi mat (ING) gezeechent Teleskope sinn an der „Isaac Newton Group“ zesummegefaasst

Speziell Teleskopen änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Roque de los Muchachos Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien