De Roque Cinchado ass e 27 Meter héije Fiels an der Gemeng La Orotava, op der Insel Teneriffa, déi zu Spuenie gehéiert. E steet op enger Héicht vu ronn 2100 Meter, südwestlech vum Bierg Teide, an der Caldeira de las Cañadas.

De Roque Cinchado mat hannendrun der Spëtzt vum Teide.

Et handelt sech ëm e Monolith aus Basalt, e sougenannten Neck, d.h. eng fréier vulkanesch Schminni.

De Roque Cinchado steet am Teide Nationalpark, a gehéiert zu de Fielsformatiounen, déi Roques de García genannt ginn.

A Spuenien ass e wäit bekannt, well en ë. a. um fréieren 1000-Pesete-Schäin ze gesi war.

Um Spaweck änneren

Commons: Roque Cinchado – Biller, Videoen oder Audiodateien