Romano Prodi

italieeneschen Ekonomist a Politiker

De Romano Prodi, gebuer den 9. August 1939 zu Scandiano, an Italien, ass en italieeneschen Ekonomist a Politiker. Hie war vun 1996 bis 1998 an dann nees vum Mee 2006 bis de Mee 2008 italieenesche Ministerpresident. Vum Mäerz 1999 bis November 2004 war hie President vun der Europäescher Kommissioun.

Romano Prodi
Gebuer 9. August 1939
Nationalitéit Italien
Educatioun Università Cattolica del Sacro Cuore,
London School of Economics,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Ekonomist, Politiker, Geschäftspersoun, Universitéitsprofesser
Partei Partito Democratico, Democrazia Cristiana
Member vun American Academy of Arts and Sciences

Säi Liewen änneren

De Romano Prodi huet 6 Bridder (vun deenen der 5 Universitéitsproffessere sinn) an 2 Sëschteren. Hien huet zu Mailand Droit studéiert a mat Distinction 1961 ofgeschloss. Duerno huet en zu Mailand, Bologna a London Ekonomie studéiert. Vun 1963 u war e wëssenschaftleche Mataarbechter, zanter 1966 Chargé de cours a vun 1971 bis 1999 Professer fir Makroekonomie an Industriepolitik zu Bologna.

1978 bis 1979 war de Prodi Industrieminister an der Regierung vum Giulio Andreotti.

Vun 1984 bis 1995 (ausser tëscht 1989 an 1993) war e President vun der IRI, der gréisster staatlecher Holding vun Italien, déi e matgehollef huet, ze sanéieren an deelweis ze privatiséieren.

1995 waren de Spëtzekandidat vun der Walunioun Ulivo ("Olivebam"), an där eng sëllege Parteien, vu lénksextreme bis konservativen, zesummegeschloss waren. 1996 gouf e Ministerpresident. Hien huet de Staatsbudget streng an der Gitt gehalen a konnt sou Italien erméiglechen, der Eurozon bäizetrieden. Am Oktober 1998 ass en zeréckgetrueden, nodeem eng Partei vum Olivebam d'Regierung net méi ënnerstëtzt hat an en e Vertrauensvote verluer hat.

De 24. Mäerz 1999 hunn d'Staats a Regierungsdchefe vun der EU hien zum President vun der Europäescher Kommissioun ernimmt. Hien huet de 15. September 1999 d'Nofollech vum Jacques Santer ugetrueden, nodeem seng Ernennung vum Europäesche Parlament confirméiert gi war.

A seng Amtszäit falen d'Aféiere vum Euro an d'Verhandlunge mat an de Bäitrëtt vun 10 neie Memberstaaten an d'EU, den 1. Mee 2004. De Prodi huet um Enn vu senger Presidentschaft ze verstoe ginn, datt e gär nees méi an der italieenescher Politik (wou an der Tëschenzäit de Silvio Berlusconi Premierminister war) aktiv wier, a sou huet den Europäesche Conseil de José Manuel Barroso als neie Kommissiounspresident designéiert, deen dëst Amt am November 2004 iwwerholl huet.

De 16. Oktober 2005 gouf de Romano Prodi bei enger Virwal mat iwwer 70 % zum Spëtzekandidat vun der Mëtt-Lénks-Unioun Unione fir d'Parlamentswale vun 2006 gewielt. Déi huet en dann och géint de Silvio Berlusconi (knapps) gewonnen.

D'Koalitioun, déi doraus ervirgoung, an déi eng Rëtsch kleng méi oder manner lénksextrem Parteien ëmfaasst huet, stoung vun Ufank un op wackeleche Féiss: Bei engem Vote am Senat iwwer d'Aussepolitik, am Februar 2007, hu sech d'Kommunisten enthalen, soudatt d'Regierungsparteie minoritär waren. De Prodi huet säi Récktrëtt ugebueden, mä de Staatspresident huet hie gebieden, d'Regierung engem Vertrauensvote z'ënnerwerfen, woumat se dann an hirem Amt confirméiert gouf.

De 24. Januar 2008 huet hie sech op en Neits engem Vertauensvote am Senat gestallt, nodeem säi Justizminister zeréckgetruede war. Dës Kéier krut en net méi déi néideg Majoritéit an huet säi Récktrëtt ugebueden.

Um Spaweck änneren

Virgänger:
Manuel Marin
President vun der Europäescher Kommissioun
1999 - 2004
Nofollger:
José Manuel Barroso


Commons: Romano Prodi – Biller, Videoen oder Audiodateien