Romanichthys valsanicola

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Romanichthys valsanicola ass eng Fëschaart aus der monotypescher Gattung Romanichthys an der Famill vun de Pijen (Percidae). D'Aart gouf 1957 beschriwwen[1][2].

Romanichthys valsanicola
E Bild vun der Romanichthys valsanicola

E Bild vun der Romanichthys valsanicola
E Bild vun der Romanichthys valsanicola
Aner Sproochen: de: Groppenbarsch
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordadéieren
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Iwwerklass: Kifermünder
Infraklass Fësch
Klass: Schankefësch
Uerdnung: Perciformes
Famill: Pijen
Gattung: Romanichthys
Aart: Romanichthys valsanicola
Wëssenschaftlechen Numm
Romanichthys valsanicola
Dumitrescu, Bănărescu & Stoica, 1957

Et ass e preglaziaalt Relikt, dat soss an der ganzer Palearktis wäit verbreet war. Fir den Ament ass d'Aart just am Floss Vâlsan a Rumänien endeemesch[3]. Si lieft an engem ee Kilometer laange Gebitt vum Floss beim dem Duerf Brădetu, fréier war de bekannten Areal awer méi grouss a louch och an de Flëss Argeș a Râul Doamnei[2].

De Kierper ass bis 12,5 cm laang an huet eng ronn Form mat zwou Dorsalflossen. De Kapp ass breet a schuppeg. Den Abdomen ass wäiss oder gielzeg[4].

D'Romanichthys valsanicola ass e ganz rare Fësch. Se gëtt dann och vun der IUCN als kritesch a Gefor aklasséiert[5].

Um Spaweck änneren

Commons: Romanichthys valsanicola – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://eol.org/pages/212530/overview
  2. 2,0 2,1 http://www.fishbase.org/summary/6315
  3. http://www.ittiofauna.org/webmuseum/pesciossei/perciformes/percidae/romanichthys/romanichthysvalsanicola/romanichthysvalsanicola0.htm
  4. Petru Bănărescu. Fauna Republicii Populare Române. Vol. XIII : Pisces — Osteichtyes (Pești ganoizi și osoși). București. Editura Academiei Republicii Populare România, 1964.
  5. http://www.iucnredlist.org/details/19740/0