De Sir Roger Penrose OM, gebuer den 8. August 1931 zu Colchester, (Essex) ass en englesche Mathematiker an theoreetesche Physiker, deem seng Aarbechten op de Gebidder vun der mathematescher Physik an der Kosmologie héich unerkannt sinn. Hien huet sech och a ville populärwëssenschaftleche Bicher zu Theme vun der Philosophie ausgeschwat.

Roger Penrose
Gebuer 8. August 1931
Colchester
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun University College London,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Mathematiker, Physiker, Philosoph, Universitéitsprofesser, Astronom, Astrophysiker
Member vun Royal Society, Accademia Nazionale dei Lincei, National Academy of Sciences, British Humanist Association, Oxford University Scientific Society, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea
Famill
Bestuet mat Vanessa Thomas, Joan Isabel Wedge
Papp Lionel Penrose
Mamm Margaret Leathes
Geschwëster Shirley Hodgson, Jonathan Penrose, Oliver Penrose
De Roger Penrose, Januar 2011.

Liewen änneren

De Roger Penrose ass de Jong vum medezinesche Geneetiker Lionel Penrose (Grënner vum Colchester Surveys fir d'Opklärung vu geneeteschen, respektiv Ëmwelt-Ursaache vu geeschtege Krankheeten) a vun der Margaret Leathes, enger Doktesch. Hien ass de Brudder vum Physiker Oliver Penrose, gebuer 1929, an dem zéngfache (1958–1969) brittesche Schachmeeschter a Psycholog Jonathan Penrose (*1933-†2021). Säi Papp wandert am Joer 1939 op London an Ontario, Kanada aus a gouf do am Spidol Direkter vun der psychiatrescher Klinick.

1945 ass d'Famill zeréck no England gezunn, an de Penrose huet den University College zu London besicht, wou säi Papp Professer fir Geneetik war. Nom Diplom wiesselt hien op d'Universitéit vu Cambridge, fir an algebrescher Geometrie beim William Vallance Douglas Hodge ze schaffen, wiesselt dann awer bei den John Arthur Todd, wou hien am Joer 1957 säin Doktorat mécht. Dernieft goung hien a Physikscourse beim Paul Dirac an Hermann Bondi a gouf ausserdeem staark vum Kosmolog Dennis Sciama beaflosst.

1956/57 war hien Assistenzprofesser um Bedford College, wiesselt duerno als Research Fellow op de St. John's College zu Cambridge. 1959–1961 war hien an den USA op der Princeton Universitéit an op der Syracuse University, duerno 1961–1963 um King's College zu Cambridge an 1963/64 als Gaaschtprofesser op der University of Texas at Austin. 1964 gouf hien Dozent um Birkbeck College zu London an 1966 Professer fir ugewandte Mathematik.

1973 gouf hie Rouse Ball Professor op der Oxford University. Vun 1992 bis 1995 war de Roger Penrose President vun der International Society on General Relativity and Gravitation. 1998 emeritéiert hien a gouf Geometrie-Professer um Gresham College zu London.

Ëffentlechkeet änneren

An der Ëffentlechkeet ass de Penrose duerch seng populärwëssenschaftlech Aarbechte bekannt: A ville Bicher (Computerdenken, Schatten des Geistes, Das Große, das Kleine und der menschliche Geist) setzt hie sech mathematesch-physikalesch mat Problemer vum Bewosstsäin an der kënschtlecher Intelligenz auserneen. Zu senge wichtegsten Theese gehéiert d'Verwerfe vun der staarker KI-Hypothees: Dem Penrose no wäerte Computeren, also d'Kënschtlech Intelligenz, nimools all Facettë vun der mënschlecher Intelligenz kënnen erreechen; dem Kurt Gödel säin Onvollstännegkeets-Theorem géif dat ganz einfach verhënneren.

A sengem Meeschterwierk A Road to Reality. A Complete Guide to the Laws of the Universe vun 2004 versicht de Penrose, engem grousse Lieserkrees d'Fundamenter vun der Mathematik, der Physik an der moderner Kosmologie sou wäit bäizebréngen, datt och Net-Spezialisten déi rezent Theorien iwwer de Fonctionnement, den Ursprong an d'zukünfteg Entwécklung vum Universum kënnen zum Deel verstoen.

Leeschtungen änneren

Physik änneren

Seng wichtegst Entdeckung si wuel déi sougenannt Spin-Netzwierker, aus deene spéider d'Theorie vun der Loop-Quantegravitatioun an d'Twistor-Theorie entwéckelt goufen. Eng weider fundamental Erkenntnes an der Kosmologie geet op hien an de Stephen Hawking zeréck: de Saz vum Hawking-Penrose, no deem et keng Léisung vum Einstein senge Feldequatiounen ouni Singularitéiten (z. B. Urknall oder Schwaarz Lächer) gëtt. Spéider mécht de Penrose 1979 mat der Weylkrëmmungshypothes och e Virschlag, wéi den Zweeten Haaptsaz vun der Thermodynamik an der Kosmologie verwuerzelt ka sinn, a wéi sou engersäits de kosmologeschen Zäitfeil, anerersäits déi beandrockend observéiert raimlech Homogeenitéit an Isotropie vum Universum erkläert ka ginn.

De Penrose fuerdert d'Entwécklung vun enger Quantegravitatiouns-Theorie, respektiv d'Deitungen dovun an der Integratioun vu Prinzipie vum Einstein senger allgemenger Relativitéitstheorie. Dës nei Physik nennt hien OR-Physik.

Mathematik änneren

 
Ëmsetzung vun der 5-facher symmetrescher Kachelstruktur vum Roger Penrose
 
Penta Plexity

De Penrose entdeckt 1974 e puer mateneen aartgläich kleng net-periodesch Ensembele vu Kachelen, besonnesch vill aperiodesch Koppelen. Mat dëse Kachelen (méi genee: mat zu hinne kongruente Kopien) kann d'Fläch parkettéiert ginn, awer keng vun dëse Parkettéierungen ass periodesch (dat heescht widderhëlt sech op exakt deemselwechte Wee). Si hunn awer ëmmer eng gewëssen Uerdnung a si fënnefzieleg (dréi-)symmetresch. Si ginn dofir quasiperiodesch genannt. Dës Penrose-Parkettéierunge sinn aus enger hierarchesch strukturéierter Packung vu reegelméissege Fënnefecker (kuckt ënnen) ofgeleet. 1984 goufen änlech Strukture bei Quasikristalle fonnt.

De Roger Penrose huet ënner anerem de Penrose-Dräieck, en Dräieck mat dräi rechte Wénkelen déi openee stinn, erfonnt. Dës Konstruktioun, déi an der Realitéit net méiglech ass, huet den hollännesche Graphiker M. C. Escher zu de Biller Waasserfall a Belvedere animéiert.

An der Mathematik gëtt Schéinheet dacks mat Einfachheet a Verbindung bruecht. De Penrose kënnt hei zu dem Resultat, datt an der Mathematik net Einfachheet als sollech schéin ass, mä virun allem onerwaarten Einfachheet.[1]

1955 entdeckt hien nach als Student d'Penrose-Inverse vu Matrizen.

Auszeechnungen änneren

Publikatiounen änneren

  • mam Wolfgang Rindler: Spinors and space-time. Volume 1: Two-Spinor Calculus and Relativistic Fields. Cambridge Monographs on Mathematical Physics. Cambridge University Press, ISBN 0-521-33707-0
  • mam Wolfgang Rindler: Spinors and space-time. Volume 2: Spinor and Twistor Methods in Space Time Geometry. Cambridge Monographs on Mathematical Physics. Cambridge University Press, ISBN 0-521-34786-6
  • The Emperor's New Mind. Concerning Computers, Minds, and The Laws of Physics. Oxford University Press, 1989, ISBN 0-14-014534-6
    • däitsch Editioun: Computerdenken. Des Kaisers neue Kleider oder Die Debatte um Künstliche Intelligenz, Bewusstsein und die Gesetze der Natur. Spektrum der Wissenschaft, Heidelberg 1991, ISBN 3-8274-1332-X
  • Shadows of the Mind. A Search for the Missing Science of Consciousness. Oxford University Press, 1994, ISBN 0-19-853978-9
    • däitsch Editioun: Schatten des Geistes. Wege zu einer neuen Physik des Bewusstseins. Spektrum, Heidelberg/Berlin/Oxford 1995, ISBN 3-86025-260-7
  • mam Stephen Hawking: The Nature of Space and Time. University Press, 1996, ISBN 0-691-03791-4
  • The Large, the Small and the Human Mind. Cambridge University Press, 1997, ISBN 0-521-56330-5
    • däitsch Editioun: Das Große, das Kleine und der menschliche Geist. Spektrum, Heidelberg/Berlin 2002
  • Quantum computation, entanglement and state reduction. In: Philosophical Transactions of the Royal Society of London. Series A, 356, 1998, pp. 1927–1939
  • The Road to Reality. A Complete Guide to the Laws of the Universe. Jonathan Cape, London 2004, ISBN 0-224-04447-8

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Roger Penrose – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Roger Penrose. The Role of Aesthetics in Pure and Applied Mathematical Research. Bull.Inst.Math.Appl., vol.10, p.266−271, 1974.