De Rochus vu Montpellier oder einfach hellege Rochus ass e chrëschtlechen Hellegen, dee virun allem zum Schutz géint d'Pescht ugebiet gouf.

Den hellege Rochus

Legend änneren

Den hellege Rochus gouf der Legend no zu Montpellier als Bouf vun aflossräichen Eltere gebuer. Nodeem seng Elteren gestuerwe waren, wéi hien ongeféier zwanzeg war, huet hien all seng Besetztümer ewechginn an huet sech op de Wee no Roum gemaach. Ënnerwee huet hien a ville Klinike Peschtkranke gehollef; hien huet se geheelt andeems hie gebiet huet, d'Kräiz iwwer se gemaach huet oder hinnen d'Hand opgeluecht huet.

Op sengem Réckwee ass hien zu Piacenza, eng Stad am Norde vun Italien, selwer u Pescht erkrankt. Doropshin huet e sech an e Bësch net wäit vun der Stad geflücht, wou e sech en einfache klengen Ënnerschlupf gebaut huet. Hei huet e kënnen iwwerliewen, well all Dag en Hond mat engem Läif Brout am Mond bei hie komm ass. No enger Zäitchen ass dem Hond säi Meeschter opmierksam ginn an ass sengem Hond nogaangen, sou datt hien de Rochus fonnt huet. Hien huet en zeréck an d'Stad bruecht, wou de Rochus konnt geheelt ginn.

Nodeem hien erëm doheem zu Montpellier ukomm war gouf en an de Prisong gehäit, well hie fir e Spioun gehale gouf. Opgrond vu senge Läinzeechen, déi hie vu senger Peschterkrankung dovugedroen hat, ass hien nämlech net méi erëmkannt ginn. Hien huet säin Numm awer net verroden, well hien net wollt fräigelooss ginn, nëmme well seng Elteren sou aflossräich gewiescht waren. Sou ass hien no fënnef Joer am Prison da gestuerwen. No sengem Doud hunn d'Leit vu Montpellier hien dunn erëmkannt: hien hat ee kräizförmege Schéinheetsfleck op senger Broscht, deen d'Leit vu Montpellier du mat him a Verbindung bruecht hunn.

Duerstellung änneren

De Rochus gëtt mat enger Peschtbëlls um Been duergestallt, ob déi hie weist. Meeschtens huet hien e Pilgerhutt un an ee Wanderstaf an der Hand. E weideren Attribut ass den Hond, deen him Brout bruecht huet. Heiansdo gëtt en och mat engem Engel duergestallt, well enger anerer Versioun vun der Legend no huet en Engel sech ëm hie gekëmmert, wéi hie krank war.

Veréirung änneren

De Rochus gëtt ugebiet:

Hien ass de Patréiner vun de Peschtkranken, den Invaliden, den zu onrecht Ugekloten, vun den Hausdéieren a vun de Chirurgen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rochus vu Montpellier – Biller, Videoen oder Audiodateien