Roberto Mancini

italieenesche Foussballspiller

De Roberto Mancini, gebuer de 27. November 1964 zu Jesi an Italien, ass en italieenesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.

Roberto Mancini
Gebuer 27. November 1964
Jesi
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 179 Zentimeter
Gewiicht 78 kg
Veräin/Ekipp Leicester City FC,
Bologna Football Club 1909,
Italieenesch U-21-Foussballnationalekipp,
Italieenesch Foussballnationalekipp

Als Foussballspiller huet hien ënner anerem beim FC Bologna, bei Lazio Roum a bei Sampdoria Genua gespillt, mat deenen hie jeeweils eemol de Championnat gewonnen huet, a jeeweils eemol de Supercup. Ausserdeem huet hie mat Lazio och den UEFA Cup gewonnen (1999). 1997 ass hien als beschte Spiller vun der ganzer Serie A gewielt ginn. Vun 1984 bis 1994 huet hien an der italieenescher Foussballnationalekipp gespillt.

Als Trainer ass hie geneesou erfollegräich wéi als Spiller; zu senge gréisste berufflechen Héichpunkter gehéiert seng Zäit vun 2004 bis 2008, wou e mat Inter Mailand dräimol déi italieenesch Meeschterschaft, zweemol déi italieenesch Coupe an zweemol den italieenesche Supercup gewonnen huet.

Zanter dem 19. Dezember 2009 ass de Mancini Trainer vu Manchester City mat deem hie schonn den englesche Pokal gewonnen huet (2011).

Hien ass 2008 zum beschte Foussballtrainer vun der Serie A, 2010 an 2011 zum beschten Trainer vun der Premier League gewielt ginn.