Robert Woodrow Wilson

US-amerikanesche Astronom, Physiker an Nobelpräisdréier

De Robert Woodrow Wilson, gebuer den 10. Januar 1936 zu Houston, Texas, ass een US-amerikanesche Astronom, Physiker an Nobelpräisdréier fir Physik. De Wilson huet op der Rice University an am California Institute of Technology studéiert.

Robert Woodrow Wilson
Gebuer 10. Januar 1936
Houston
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology,
California Institute of Technology
Aktivitéit Astronom, Physiker, Fuerscher
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Phi Beta Kappa, American Astronomical Society, American Physical Society

1978 krut hien zesumme mam Arno Penzias de Nobelpräis fir Physik fir "d'Entdeckung vun der kosmescher Mikrowellen-Hannergrondstralung" (engl.: Cosmic Microwave Background, CMB).

Dës Entdeckung hunn déi zwéin duerch Zoufall am Joer 1964 bei de Bell Laboratoiren zu Holmdel, New Jersey gemaach, wou si un enger neier Aart vun Antenne geschafft hunn. Si hunn een Hannergrondrauschen an der Äerdatmosphär entdeckt, dat si sech net erkläre konnten. Nodeem si d'Antenn vum Dauwendreck gebotzt haten, war d'Rauschen awer net fort war, an et gouf am Endeffet als kosmesch Hannergrondstralung identifizéiert. Dëst gëtt als en experimentelle Beleeg vun der Urknall-Theorie opgefaasst.

Auszeechnungen änneren

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie