De Robert Bob Moog, gebuer den 23. Mee 1934 zu New York City a gestuerwen den 21. August 2005 zu Asheville (North Carolina), war e Pionéier vun der elektronescher Musek an den Erfinder vum Moog-Synthesizer, eent vun deenen éischte wäitverbreeten elektronesche Museksinstrumenter.

Robert Moog
Gebuer 23. Mee 1934
New York
Gestuerwen 21. August 2005
Asheville
Doudesursaach Hirekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Cornell University,
Berklee College of Music,
Bronx High School of Science
Aktivitéit Erfinder, Universitéitsprofesser, Museker
En Etherwave-Theremin, gebaut als Bausaz

Virun der Entwécklung vum Synthesizer stoung awer schonn en anert elektronescht Museksinstrument, d'Theremin, dat ee spillt ouni et direkt ze beréieren, an dat doduerch och haut nach relativ groussen Intressi fënnt. Nieft dem effektiven Erfinder Lev Sergejewitsch Termen (deen de Moog eréischt 1989 zu Paräis kennegeléiert huet) war och de Moog fir d'Weiderentwécklung vum Theremin vu Bedeitung.

Gielercher änneren

Fir säi Liewenswierk ass de Moog schonn 1970 mam Grammy Trustees Award ausgezeechent ginn, dee fir Leeschtungen an der Musek geduecht ass, déi sech net op d'musekalescht Schaffe bezéien.

1991 gouf e mam SEAMUS Lifetime Achievement Award ausgezeechent. 2001 krut en den inoffizielle Nobelpräis fir Musek, de Polar Music Prize, an 2002 den Individual Technical Grammy.

Fir säin 78. Gebuertsdag huet Google e mat engem Doodle vu sengem programméierbaren a spillbare Synthesizer am Holzdesign geéiert, dee bal sou ausgesäit wéi de MiniMoog[1].

Literatur änneren

  • Trevor Pinch & Frank Trocco: Analog Days: The Invention and Impact of the Moog Synthesizer. Harvard University Press, Cambridge (MA) 2002, ISBN 0-674-00889-8.
  • Oliver Zöllner: Synthetische Klänge. Nachruf Robert Moog (1934-2005). An: Rundfunk und Geschichte. 31. Joerg., 2005, Heft 3/4.

Um Spaweck änneren

Commons: Robert Moog – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. SPON 23. Mee 2012 - Google Doodle mécht de Browser zum Synthesizer