Robert McNamara

amerikanesche Politiker

De Robert Strange McNamara gebuer den 9. Juni 1916 zu San Francisco, a gestuerwen de 6. Juli 2009 zu Washington D.C., war en US-amerikanesche Politiker an Ekonomist.

Robert McNamara
Gebuer 9. Juni 1916
San Francisco
Gestuerwen 6. Juli 2009
Washington
Nationalitéit USA
Educatioun University of California,
Harvard Business School,
Piedmont High School
Aktivitéit Banquier, Politiker, Schrëftsteller, Ekonomist, Militär
Partei Demokratesch Partei, Republikanesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences, Phi Beta Kappa, American Philosophical Society

De McNamara huet 1937 op der Universitéit vu Kalifornien Ekonomie a Philosophie studéiert. 1943 koum e bei d'US Air Force. Duerno huet hie bei Ford geschafft, wou e sech bis zum President eropgeschafft huet. Vun 1961 bis 1968 war hie Secretary of Defense (Verdeedegungsminister ënner de Presidenten John F. Kennedy a Lyndon B. Johnson zu der Zäit vun der Kubakris an dem Vietnamkrich. Den 29. Februar 1968 ass hien zeréckgetrueden, wéi d'amerikanesch Presenz am Vietnam ëmmer méi an d'Kritik koum.

Duerno war hie bis 1981 President vun der Weltbank.

Um Spaweck änneren

Commons: Robert McNamara – Biller, Videoen oder Audiodateien