Robert Fico

slowakesche Jurist a Politiker

De Robert Fico ("Fitso" ausgeschwat) gebuer de 15. September 1964 zu Topoľčany, ass e slowakesche Jurist a Politiker (Smer-SD). Hie war vun 2006-2010, vun 2012-2018, an ass nees zanter dem Oktober 2023 Premierminister.

Robert Fico
Gebuer 15. September 1964
Nationalitéit Slowakei
Aktivitéit Politiker
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

1999 huet hien d'Smer-SD gegrënnt (hien ass hire President), där sech an de Joren duerno aner Lénksparteien ugeschloss hunn. 2006 huet d'Smer-SD d'Wale géint déi liberal Mëtt-Riets-Regierung gewonnen.De Fico gouf Premierminister vun enger Koalitiounsrtegierung mat der nationalistescher Slowakescher Nationalpartei (SNS) an der populistescher Vollekspartei-Beweegung fir eng demokratesch Slowakei (ĽS-HZDS).

Bei de Parlamentswalen am Juni 2010 gouf d'Smer-SD nees stäerkste Partei, mä d'Regierungsparteie krute keng Majoritéit méi. Et koum zu enger Véiererkoalitioun ënner der Regierungschefin Iveta Radicová. Dës huet am November e Vertrauensvote am parlament verluer, soudatt et am Mäerz 2012 zu Neiwale koum.

Als Resultat dovu gouf de Robert Fico nees Premierminister.

2014 huet hie fir d'Presidentewale kandidéiert, huet dës awer am 2. Tour géint den Andrej Kiska verluer.

De 15. Mäerz 2018 ass hien, am Kader vun enger politescher Kris, déi duerch d'Ermuerdung vun engem Journalist an deem senger Frëndin ausgeléist gi war, zeréckgetrueden. Säi Vize Peter Pellegrini gouf domat chargéiert eng nei Regierung op d'Been ze stellen.

Um Spaweck änneren

Commons: Robert Fico – Biller, Videoen oder Audiodateien