Robert Delaunay
De Robert Victor Félix Delaunay, gebuer den 12. Abrëll 1885 zu Paräis a gestuerwen de 25. Oktober 1941 zu Montpellier, war e franséische Moler. HIen huet och konschttheoreetesch Texter publizéiert.
Robert Delaunay | |
---|---|
Gebuer |
12. Abrëll 1885 Paräis |
Gestuerwen |
25. Oktober 1941 Montpellier |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Moler, Designer, visuelle Kënschtler |
Den Delaunay war Autodidakt. Seng éischt Biller waren am Stil vum Neoimpressionismus. Duerno war hien ee vun den Haaptvertrieder vum orphesche Kubismus, och Orphismus genannt. De Guillaume Apollinaire hat 1912 mat deem Begrëff dem Delaunay seng Fënsterbiller, Fenêtres, beschriwwen.
No enger méi laanger Ënnerbriechung huet den Delaunay an den 1930er Jore mat senger Aarbecht un abstrakte Kreesformen an der Serie Rythmes, nees opgeholl.
Den Eiffeltuerm war e beléifte Sujet vun him.
Seng Fra, d'Sonia Delaunay-Terk, war och Molerin an Designerin an huet vill kënschtleresch mat hirem Mann zesummegeschafft.
Auswiel vu Biller änneren
-
La Ville de Paris, 1910/12
-
Tour Eiffel, 1911
-
Les trois grâces, 1912
-
Les Fenêtres sur la ville, 1910/11,
-
Les Fenêtres simultanées sur la ville, 1912
-
Disque simultané, 1912/13
-
L'Équipe de Cardiff, 1913
Um Spaweck änneren
Commons: Robert Delaunay – Biller, Videoen oder Audiodateien |