Rita Levi-Montalcini

amerikanesch Politikerin


D'Rita Levi-Montalcini, gebuer den 22. Abrëll 1909 zu Turin a gestuerwen den 30. Dezember 2012 zu Roum[1], war eng italieenesch Neurobiologin. Si krut 1986 zesumme mam Stanley Cohen den Nobelpräis fir Medezin fir hir Entdeckung vun Nervenwuesstemsfaktoren.

Rita Levi-Montalcini
Gebuer 22. Abrëll 1909
Turin
Gestuerwen 30. Dezember 2012
Roum
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit USA, Kinnekräich Italien, Italien
Aktivitéit Neurolog, Neurowëssenschaftler, Biochimist, Politiker, Dokter, Wëssenschaftler
Partei Onofhängeg
Member vun Accademia Nazionale delle Scienze, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Académie des sciences, European Molecular Biology Organization, Academia Europaea, Royal Society, Accademia delle Scienze di Torino
Famill
Kanner keng

Si ass zesumme mat hirer Zwillingssëschter Paola dat jéngst vu véier Kanner (déi aner zwee waren de Brudder Gino † 1974 an nach eng Sëschter d'Anna déi fënnef Joer méi al war wéi si selwer). Hir Eltere waren den Adamo Levi, Elektroingenieur a Mathematiker an d'Adele Montalcini, eng Molerin. Hire Brudder Gino war Architekt a Professer op der Universitéit zu Turin.

1936 huet si hiert Medezinstudium mat der Mentioun summa cum laude ofgeschloss an huet duerno eng Spezialisatioun an Neurologie a Psychiatrie gemaach. Den 2. Weltkrich huet dunn hir Carrière e bësselchen hannendra gehäit. Vun 1944 un no der Invasioun vun Italien duerch d'Alliéiert Muechte bis nom Krich huet si als Dokter fir d'Amerikaner an de Prisongslagere geschafft.

Vun 1969 bis 1979 huet si zu Roum de Laboratoire fir Zellbiologie vum Nationale Fuerschungsrot geleet. Hir Fuerschungsaarbecht huet sech konzentréiert op zellulär Noriichtentransmissioun a Steierungsmechanisme vum Zellen- a Tissuswuesstem. Si huet den "Epidermal Growth Factor" entdeckt an ee Polypeptid, dat als Nervewuesstemsfaktor wierkt. Fir d'Isoléieren an d'Charakteriséiere vum Nervewuesstemsfaktor krut si den Nobelpräis.

1987 krut si National Medal of Science, dat déckst Gielche fir Wëssenschaftler an Amerika.

2001 gouf si vum italieenesche President Carlo Azeglio Ciampi, Senator op Liewenszäit ernannt.

Literatur zum Theema änneren

  • Kerner, Charlotte, Ein Lob der Vollkommenheit, in Kerner, Charlotte, Nicht nur Madame Curie - Frauen, die den Nobelpreis bekamen, Belz Verlag, Weinheim a Basel, 1999.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rita Levi-Montalcini – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Medizin-Nobelpreisträgerin Levi-Montalcini gestorben zeit.de