Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

D'Riselen, op Däitsch Röteln an op Franséisch rubéole (Rubella), sinn eng staark ustiechend Infektiounskrankheet a ginn ausgeléist duerch de Riselvirus. Nieft den typesche rouden Hautflecken (Exanthem) trieden och Féiwer an eng Schwellung vun de Lymphkniet op. Geféierlech kann eng Riseleninfektion wärend enger Schwangerschaft sinn, well se zu schwéiere Mëssbildungen oder och zu enger Feelgebuert féiere kann. Eng preventiv Impfung ass méiglech.

Hautausschlag bei Riselen

Verbreedung änneren

D'Riselinfektionskrankheet ass weltwäit verbreet. An dicht bevëlkerte Géigende verdéngt se Opmierksamkeet. Do wou d'Bevëlkerung net vollstänneg geimpft ass, kënne sporadesch an epidemesch Infektioune bei Kanner, Jugendlechen an och Erwuessenen optrieden.

Erreeger änneren

Den Erreeger ass de Riselvirus. Hie gehéiert zu der Famill vun den Togaviren.

Iwwerdroen änneren

Vun enger Woch virum Ausbroch vum Exanthem u bis eng Woch duerno besteet d'Gefor fir ugestach ze ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Riselen – Biller, Videoen oder Audiodateien