De Risechameleon (Furcifer oustaleti), och Madagaskar-Risechameleon genannt, ass, mat senger Längt vu bis zu 70 cm, déi gréisst Chameleonaart. E lieft an de Savannen a Bëscher vun der afrikanescher Insel Madagaskar.

Riesechameleon
E Risechameleon

E Risechameleon
E Risechameleon
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Iguania
Famill: Chameleonen (Chamaeleonidae)
Ënnerfamill: Echt Chameleonen (Chamaeleoninae)
Gattung: Furcifer
Aart: Risechameleon
Wëssenschaftlechen Numm
Furcifer oustaleti
Mocquard 1894
Weibchen
Männchen

Morphologie änneren

Risechameleone sinn éischter duerch hir Gréisst wéi duerch hir Faarf opfälleg. D'Männchen huet eng knaschteg-grobrong Tarnfaarf, d'Weibercher sinn eng Grëtz méi faarweg; hir gréngelzeg Haut huet wäiss Tëppele laanscht d'Säit.

Ernierung, Reproduktioun änneren

De Risechameleon erniert sech haaptsächlech vun Insekten. Fir d'Leit vu Madagaskar ass et deemno e kamouden Insekteverdilleger. Och kleng Mamendéieren an Eidechse kënnen zu sengem Kascht gehéieren.

Wéi bal all Chameleonen ass och dës Aart Eenzelgänger. Männercher, wéi och Weiberecher déi droen, verdroe sech net ënnereneen. D'Weibche leet, eng 40 Deeg no der Verkoppelung, bis zu 50 Eeër an de Buedem. Bei 28 Grad Celsius dauert et ongeféier 250 Deeg, bis déi Kleng erauskommen.

Jonk Risechameleone wuesse séier a sinn no engem Joer prett, sech ze verkoppelen. A Gefaangeschaft kënne se bis zu 15 Joer al ginn.

Juegd op en Heesprénger

Literatur änneren

  • Petr Nečas: Chamäleons. Bunte Juwelen der Natur. 3., verbesserte und überarbeitete Auflage. Edition Chimaira, Frankfurt am Main 2004, ISBN 3-930612-02-X.
  • Wolfgang Schmidt, Klaus Tamm, Erich Wallikewitz: Chamäleons. Drachen unserer Zeit. 5., vollständig überarbeitete und erweiterte Auflage. Natur-und-Tier-Verlag, Münster 2010, ISBN 978-3-86659-133-2.

Um Spaweck änneren

Commons: Furcifer oustaleti – Biller, Videoen oder Audiodateien