D'Rimmelbaach ass eng kleng Baach am Éislek an e lénksen Niewefloss vun der Wemperbaach.

D'Rimmelbaach laanscht de Wee dee vun der Kléimillen op Hëpperdang féiert, am Mee 2008

Si huet hir Quell um Flouer Drufebur[1], eng 1.600 Meter nordëstlech vun Hëpperdang, op enger Héicht vu ronn 485 Meter. Si leeft vun do aus an engem schmuelen Dall a westlecher Richtung, bis op d'Kléimillen, wou s'an d'Wemperbaach leeft.

Si ass 2.700 Meter laang.

Den Dall vun der Rimmelbaach um Flouer Heineschleed

Referenzen an Notten änneren

  1. Topographesch Kaart vum Kadaster