Richard Sorge

däitsche Journalist a Spioun

De Richard Sorge, gebuer de 4. Oktober 1895 zu Adschikent, no bei der gréisster russescher Pëtrolstad Baku, higeriicht de 7. November 1944 am Sugamo-Prisong bei Tokio, war en däitsche Journalist a Spioun fir d'Sowjetunioun a China an a Japan virum a wärend dem Zweete Weltkrich.

Richard Sorge
Pseudonym Рамза́й, R. Sonter
Gebuer 4. Oktober 1895
Baku
Gestuerwen 7. November 1944
Tokio
Doudesursaach Erhänken
Nationalitéit Sowjetunioun
Educatioun Universitéit vun Hamburg
Aktivitéit Journalist, Diplomat, Spioun
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

Säi Liewen änneren

De Richard Sorge war dat jéngst vun néng Kanner an deen eenzege Jong vum däitsche Biergbauingenieur Wilhelm Sorge, dee bei der "Kaukasus-Ölgesellschaft Gebrüder Nobel" geschafft huet, a senger russescher Fra Nina.

1898 ass d'Famill op Berlin-Lichterfelde geplënnert, wou d'Kanner eng groussbiergerlech Kandheet verbruecht hunn. De Richard ass an d'Oberrealschoul gaangen a war Member vum Wandervogel.

Am August 1914 erlieft en als Fräiwëllegen den Éischte Weltkrich a Frankräich. Knapps e Joer drop, am Mäerz 1916 gouf en op der Ostfront dräimol blesséiert, dovun eng Kéier ganz schwéier un de Been duerch eng Splitterbomm.

Moskau a Shanghai änneren

Den Opbau vum "Ramsay" änneren

Spionage a Japan änneren

Am September 1933 koum de Sorge a Japan un. Hien hat verbuede kritt fir mat der japanescher kommunistescher Partei, déi am Ënnergronn geschafft huet, a mat der sowjetescher Ambassade zu Tokio a Kontakt ze trieden. Zu sengem Spionagenetz hunn de Max Klausen, den Ozaki Hotsumi an zwéin aner Komintern-Agente gehéiert, de Branko Vukelic, e Journalist, dee fir d'franséisch Zäitschrëft Vu geschafft huet an e japanesche Journalist, de Miyagi Yotoku, e Mataarbechter vum engleschsproochegen Japan Advertiser.

No an no krut de Sorge säi Reseau opgebaut. Seng gutt Relatioune mat dem dem däitschen Ambassadeur Herbert von Dirksen a mat deem sengem Nofollger Eugen Ott, hunn him gehollef, un Informatiounen iwwer déi däitsch Pläng ze gelaangen. Aner Leit an der Grupp krute Kontakt mat wichtege japanesche Politiker a souguer mat dem Premier Fumimaro Konoye.

Sou konnt de Sorge dem Stalin 1936 Bescheed ginn iwwer den Anti-Kommintern-Pakt, 1940 iwwer den Däitsch-japanesche Vertrag an de geplangte japaneschen Ugrëff op Pearl Harbour. Awer dat Wichtegst war dem Sorge seng Informatiounen iwwer den däitschen Iwwerfall op d'Sowjetunioun, d'Unternehmen Barbarossa. Mä de Stalin a seng Beroder wollten déi Rapporten net gleewen an hunn net reagéiert.

De Stalin a säi Meeschterspioun änneren

 
Russeschen Timber, Held vun der Sowjetunion

Éierungen änneren

De 5. November 1964 krut hie posthum den Titel Held vun der Sowjetunioun.

Literatur zum Theema änneren

Vum Sorge änneren

  • Richard SORGE: Der neue deutsche Imperialismus. Mit einem Vorwort von Jürgen Kuczynski. Berlin, 1988, Dietz Verlag. Dat war Een Nodrock vun der Originaleditioun vun 1928, déi zu Hamburg bei Hoym erauskoum.

Iwwer de Sorge änneren

  • Robert WHYMANT: Stalin's Spy. Richard Sorge and the Tokyo Espionage Ring, 1997, London / New York, Tauris Publishers
  • Robert WHYMANT: Richard Sorge - Der Mann mit den drei Gesichtern., 1999, Europäische Verlagsanstalt, Hamburg, ISBN 3434504079

Filmer änneren

  • Verrat an Deutschland - Der Fall Dr. Sorge. E Faarffilm vun 1955 vum Veit Harlan mat der Kristina Söderbaum (als Botschaftssekretärin an der däitscher Botschaft zu Tokio, dem Paul Müller an der Titelroll no engem Dréibuch vum Veit Harlan an Thomas Harlan.

An dësem Film probéiert den Dr. Sorge fir a China ze flüchten. Mä de Fliger vun der Lufthansa gëtt zeréck op Tokio forcéiert. Mä dem Sorge seng grouss Léift, d'Sekretärin aus der Botschaft stécht him nach eng Gëftampull an d'Täsch. Si selwer waart um Schluss op hir Strof. (89 Minutten))

  • Qui êtes-vous, Monsieur Sorge?. Eng Franséisch-däitsch-italieenesch-japanesch Copruduktioun vun 1961 vum Ives Ciampi mam Thomas Holtzmann an der Titelroll a mam Mario Adorf. (129 Minutten)
  • Supai Zoruge (Spioun Sorge). E japanesche Film vun 2003 vum Shinoda Masahiro mam Ian Glen als Richard Sorge an dem Motoki Masahiro als Osaki Hotsumi. (182 Minutten)
  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Um Spaweck änneren

Commons: Richard Sorge – Biller, Videoen oder Audiodateien