Richard Christopher Carrington

De Richard Christopher Carrington, gebuer de 26. Mee 1826 zu Chelsea a gestuerwen de 27. November 1875 zu Redhill an England war e engleschen Amateurastronom.

Richard Christopher Carrington
Gebuer 26. Mee 1826
Chelsea
Gestuerwen 27. November 1875
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Trinity College
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society

Liewen a Karriär änneren

De Carrington war dräi Joer Assistent beim Chevallier zu Durham an huet duerno säin eegenen Observatoire zu Redhill gebaut, wou hien 1854 Zirkumpolarstären erfuerscht huet. Doriwwer eraus hat hien och d'Sonn ënnersicht, ugereegt duerch dem Heinrich Schwabe seng Entdeckung vum Zesummenhank tëscht der Period vun de Sonneflecken an dem Äerdmagnéitismus. Am Joer 1859 huet de Carrington d'Sonneneruptiounen entdeckt. Dat geleeëentlech nom Carrington genannt solar Wäissliicht-Evenement vum 1. September 1859 ass awer onofhängeg och vum Richard Hodgson observéiert ginn. 1863 huet de Carrington d'differentiell Rotatioun vun der Sonn entdeckt. Säi Stärekatalog war e wichtege zäitgenëssesche Bäitrag fir d'Erfuersche vun astronomeschen Objeten.

Auszeechnunge änneren

Wierker änneren

Literatur änneren

  • John North: Viewegs Geschichte der Astronomie und Kosmologie. Springer, Berlin; Auflage: 1 (10. Januar 2001), ISBN 978-3-540-41585-5

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie