Richard Avedon

US-amerikanesche Fotograf a Portraitist
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Richard Avedon gebuer de 15. Mee 1923 zu New York City, a gestuerwen den 1. Oktober 2004, war en US-amerikanesche Fotograf a Portraitist. Hie gëtt nieft dem Irving Penn als ee vun de gréissten zäigenësseschen amerikanesche Fotografe betruecht.

Richard Avedon
Gebuer 15. Mee 1923
New York
Gestuerwen 1. Oktober 2004
San Antonio
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit USA
Educatioun Columbia University
Aktivitéit Moudefotograf, Designer, Fotograf
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Doe Avedon

Den Avedon kënnt als Bouf vun engem Moudegeschäftsbesëtzer (Damemouden) op d'Welt. Hie studéiert op der Columbia University, an et ass an der Zäit vu sengem Militärdengscht bei der Marinn wéi hien ugefaangen huet sech fir d'Fotografie z'intresséieren.

Säi Liewen änneren

De Richard Avedon ass den 1. Oktober 2004 an Texas un enger Gehierbluddung am Alter vun 81 Joer gestuerwen.

Säi Wierk änneren

  • ..une oeuvre qui compte parmi les plus fortes et les plus dérangeantes de la photographie contemporaine (Le Monde 4. Juli 1986 iwwer dem Avedon säi Wierk)

In the American West änneren

Vum Mäerz 1979 bis den October 1984 schafft den Avedon un engem neie Projet. Fir den Amon Carter Museum of Western Art vu Fort-Worth (Texas) reest hie mat zwéin Assistenten duerch 17 US-Staate fir Portraiten ze maachen. Mat enger aler Daedorff-Kummerkamera vun 8x10 Zoll fotograféiert hien iwwer 750 Mënschen. Als Hannergrond hëlt e wäisse Pabeier, dräi Meter héich an 2,50 m an der Breet. Hie stellt sech net hanner den Apparat, mä niewendrun. D'Objektiv ass annerhallwe Meter vun de Leit ewech.

Fotobicher vum Richard Avedon änneren

  • Observations, 1959, mat engem Text vum Truman Capote. An dësem Buch, dat zesumme mam Truman Capote entstanen ass, si Portraite vum Pablo Picasso, dem J. Robert Oppenheimer an aneren.
  • Nothing Personal, 1964, mat engem Text vum James Baldwin
  • Alice in Wonderland: The forming of a Company, The Making of a Play, mat engem Text vum Doon Arbus (1976)
  • Avedon: Photographs 1947-1977, 1978
  • In the American West, Harry N. Abrams Inc., New York, 1985
    • Visages de l'Ouest, Ste Nlle des Éditions du Chêne, Paris, 1986
  • An Autobiography, 1993. An 284 Fotoen erzielt den Avedon säi Liewen. An deem Buch sinn och Fotoe vu sengen Elteren.
  • Evidence 1944-1994, 1994. E Réckbléck an iwwer 600 Fotoen.
  • The Sixties, 1999. En Iwwerbléck op d'60er Jore mat Protraite vun Allen, déi wichteg waren: Janis Joplin, Bob Dylan, Twiggy, Joan Baez, Jimi Hendrix an Nuen vu Rockgruppen.
  • Made in France, 2001. Dem Avedon seng Moude-Fotoen aus de 50er-Joren.
  • Richard Avedon: Portraits, 2002. Berüümtheeten a manner berüümte Leit aus dem "American West"-Projet.
  • Richard Avedon: "Photographs 1946–2004"., 2007, Hatje Cantz Verlag, Ostfildern. En Ausstellungskatalog. (en)

Um Spaweck änneren


Commons: Richard Avedon – Biller, Videoen oder Audiodateien