De Rich Ruppel, gebuer den 8. September 1946 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker a Schrëftsteller.[1]

Rich Ruppel
Gebuer 8. September 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Museker, Typograph

Vu Beruff war de Ruppel Dréckermeeschter (Typograph).

Hie spillt Batterie an huet 1968 d'Band Cool Feet gegrënnt, wouran e mat Ënnerbriechunge bis an d'1990er Jore Member war. Hien huet eng ganz Rëtsch Texter vun der Band hire Lidder geschriwwen.

De Rich Ruppel ass Auteur vu bis ewell zwou Erzielungen: Eis Jonge ginn agezunn! (2011), eng fiktiv Geschicht iwwer sechs lëtzebuergesch Zwangstrekruetéiert an der Zäit vum Zweete Weltkrich, an de Kriminalroman Dräi Läichen zu Koplescht (2014).

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche op autorenlexikon.lu.