D'Definitioun vun enger wirtschaftlecher Rezessioun gëtt an de meeschten europäesche Länner no geneeë Krittäre bestëmmt. Sou muss wärend op d'mannst zwee Trimesteren hannereneen de wirtschaftleche Wuesstem erofgoen. Den Nationale Bruttoinlandsprodukt, de PIB fält deemno sechs Méint noeneen. Déi Säit vum Atlantik gëtt de Begrëff Rezessioun no méi Faktoren definéiert. Do spillt ausser der Diminutioun vum PIB, och d'Entwécklung vun der Aarbechtslosegkeet, vun der Produktivitéit, vun den Eenzelhandelspräisser, dem Vertraue vun de Produzenten an de Verbraucher, mat. De Reegelen no dauert et deemno sechs Méint oder weider, éier een offiziell vun enger Rezessioun schwätzt. An der Tëschenzäit ass et sou awer méiglech, datt d'Wirtschaft scho méintlaang dran ass.

Grënn a Konsequenzen änneren

Eng Period vu wirtschaftlecher Rezessioun fänkt u mat engem stännege Réckgank vum PIB. D'Noloosse vun de Produktiounscommanden, d'Baisse vun der Nofro an de Präisser um Immobiliemaart , d'Diminutioun vun den industriellen Investitioune sinn ënner anerem d'Ursaache vun engem ëmmer méi niddrege PIB. Eng Folleg dovun ass d'Zuel vun den Aarbechtsplaze geet erof, d'Chômagezuele ginn erop an de Konsum fält. D'ganzt bréngt mat sech, datt d'Firmen hir Produktioun ëmmer weider erofsetzen an dobäi Kuerzaarbecht maachen, natierlech Ofgäng vu Personal net ersetzen oder méi schlëmm Entloossungen decidéieren. Finanziell schwaach Firme sinn déi éischt Affer a mussen hir Dieren zou maachen.

Aner Unzeeche vun enger Rezessioun sinn :

  • Déi grouss Entreprisë verëffentleche schlecht Verkafs- a Profitzuelen.
  • Investititiouns-, Haus- oder aner Konsumkrediter kënnen net méi zeréck bezuelt ginn.
  • D'Zuel vu Failliten a verschiddene Secteuren hëlt zou.
  • Ëmmer méi Leit bezuele mat der Kreditkaart, well et hinen u Borem feelt.
  • Ëmmer méi Leit fänken un hir gespuerte Suen opzehiewe fir hir deeglech Ausgaben ze bezuelen.
  • D'Präisser op de Bourse falen dramatesch an awer keeft keen.
  • Eng Baisse vun de Präisser am Allgemengen, een Zeeche vun Deflatioun.
  • De Länner hire Staatsbudget huet ëmmer méi e groussen Defizit.

D'Haaptursaach ass meeschtens bei de verschiddene Rezessioune eng aner. Do dergéint ass bei allen eng wirtschaftlech iwwerschwänglech Period virausgaangen. Déi eenzeg gutt Konsequenz, déi eng Rezessioun huet ass, datt se d'Inflatioun eliminéiert.

Heefegkeet änneren

Zanter dem Zweete Weltkrich sinn zwielef Rezessioune registréiert ginn. Dat ass eng Moyenne vun all fënnef Joer an dräi Méint eng. Allerdéngs ass d'Period tëscht zwou Rezessioune ganz ënnerschiddlech. Déi klengst war dräi an déi längst zéng Joer.

Dauer änneren

Am Prinzip dauert d'Rezessioun sou laang bis den trimestrielle PIB erëm zouhëlt. Dauert se ze vill laang, ka s'an eng Depressioun, an eng richteg Wirtschatskris iwwergoen. Säit 1945 hunn d'Rezessiounen tëscht 6 an 18 Méint gedauert, mat enger Moyenne vun 11 Méint.

Léisunge fir aus der Rezessioun erauszekommen änneren

Eng Rezeptléisung gëtt et net. D'Ekonomie muss selwer den Equiliber zeréckfannen. Selbstverständlech ass all eenzele Staat gefuerdert fir tëschenzäitlech dobäi ze hëllefen. Ideal soll dat duerch eng iwwerstaatlech Koordinatioun passéieren, fir de méiglechen nationale Protektionismus anzegrenzen. D'Globalwirtschaft vun haut verlaangt an enger globaler Rezessioun och global Léisungen. Simplistesch gesot muss wärend der Rezessiounsperiod de Staat de Manko vu privatem Konsum an Investitiounswëlle kompenséieren, zum Beispill, duerch Investitiounen an d'Landesinfrastuktur, duerch Kreditter oder Garantien un wirtschaftsdroend Secteuren a steierlech Erliichterunge fir d'Betriber an d'privat Leit. Eng negativ Konsequenz vun deenen Hëllefen ass d'Klamme vun de Staatsdefiziter, dat nach méi verschlëmmert gëtt duerch manner Steierrecetten, méi Sozialausgaben (Chômage, Wunnbeilagen…) a steigend Scholdzënsen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren