De René Mertzig, gebuer den 11. August 1911 zu Colmer-Bierg, gestuerwen de 17. September 1986[1], war e lëtzebuergesche Pianist a Komponist.

René Mertzig
Gebuer 11. August 1911
Gestuerwen 17. September 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

De René Mertzig huet Musekstheorie an Instrumenter (Piano a Gei) an de Conservatoire vu Lëtzebuerg a Bréissel studéiert. An den 1930er Joren gouf hie Member vum Sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, wou hie bis 1976 matgeschafft huet. Wéi hie pensionéiert gouf huet e beim RTL-Orchester 1979 d'Plaz als Pianist iwwerholl.

Hie war Matgrënner vun der Société nationale pour la propagation de la musique symphonique a vum Luxembourg Piano Trio.

Als Komponist war hien inspiréiert vum gregorianesche Gesank a vun de Museker Rimski-Korsakov, Manuel de Falla, Claude Debussy a Maurice Ravel. Hie selwer sot, d'Basis vu senge Kompositioune wier d'Instrumentatiounsléier vum Richard Strauss.

Plack um Heemechtshaus vum René Mertzig.

Wierker änneren

  • Quatre mélodies (1942)
  • Poème (1945-46)
  • Trois mélodies (1947)
  • Rhapsodie chorégraphique (1947)
  • Cycle symphonique (1950-51)
  • Trio en mi (1951)
  • Lëtzebuerger Rousen (Oper mat Ballett) (1951-52)
  • Symphonie des impressions vives (1953-54)
  • La Cité éblouissante (1954)
  • Deuxième Trio (1955)
  • Trois esquisses (1955)
  • Enfantines (1956)
  • Le tambourin et la guitare (1958)
  • Quatuor à cordes (1962)
  • Rythmes souverains (1962)
  • Toccata (1963)
  • Trois mélodies (1962-63)
  • Konzertstück (1963)
  • Synthèse symphonique (1964)
  • Estampes (1968)

Gielercher änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

De René Mertzig am Musikerlexikon

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon, S. 295.
  2. IN UNSERER REPORTAGE VON POL ASCHMAN „GIELERCHER“ op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 17. Juli 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022