Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

D'Relioun vun de Kelte bezeechent all déi eenzel animistesch-heednesch an naturbezunn reliéis Glawensausriichtungen a Praktike vun deene Gruppen, Stämm a Clans, déi vun de Griichen allgemeng mat dem Sammelbegrëff Kelten bezeechent goufen, an déi scho virun der Joerdausendwenn, an nach bis an d'Mëttelalter, op de britteschen Inselen, tëscht Gallien a Spuenien, an no Osten hi bis op d'Donau gelieft hunn.

Well d'Kelte keen homogeent Vollek ware kann een nëmme bedéngt vun enger "keltescher Relioun" schwätzen, mä éischter vun engem allgemengen heednesch-druidesche Kult, an deem Druiden déi wichtegst Roll gespillt hunn.

Quellen iwwer déi Relioun änneren

Iwwer dat aalt, altertëmlecht Druidentum vu virun eiser Zäitrechnung bis ongeféier 400 no eiser Zäitrechnung ass ausser mytheschen Iwwerliwwerungen net vill bekannt, ergo nëmmen dat, wat mëndlech tradéiert gouf. De Kelten hir Priister, d'Druiden hunn, wéi et schéngt, keng eenzeg schrëftlech Opzeechnung hannerlooss. Et gëtt zwar e puer Fragmenter oder a Steng geritzt Texter an der anticker Oghamschrëft, mä déi Zäitdokumenter hunn och no enger Iwwersetzung net vill Neies hierginn.

Iwwer d'keltesch Relioun ass deemno net vill Verléissleches bekannt. Wat awer opfält ass, datt déi Relioun no hire reliéisen Dignitaire genannt gouf (Druiden-tum) a keng Allusioun op d'Vollek opweist, dat se praktizéiert, wéi z. B. Chrëschten-tum oder Judden-tum. De Begrëff Kelten-tum u sech ëmräisst d'ganz Kultur vun de Kelten a gëllt net speziell fir hir Relioun. Datt se no den Druide benannt gouf, ass dorop zeréckzeféieren, datt en haaptamtleche Priister mat enger quasi onlimitéierter Muecht wéi en Druid bei de Réimer an de Griichen onbekannt war. Den Cäsar war déif beandrockt vum Afloss, deen déi keltesch Dignitairen op hir Matmënschen haten an huet sech dee Faktor och zu Notze gemaach, fir Gallien net nëmmen z'occupéieren, mä och romaniséieren ze kënnen. Hien hat erkannt, datt mat dem Druid déi keltesch Gesellschaft steet oder fält. De Jean Markale bréngt et op eng Rei: " Ouni den Druid hätt et keng keltesch Gesellschaft ginn, mä ouni déi speziell keltesch Gesellschaftsform hätt et och keen Druid ginn" Den Druid sou wéi en duergestallt gëtt, huet an den anticken europäesche Relioune kee Pendant.

Dat Eenzegt wat mir iwwer d'Druidentum wëssen, gouf eréischt no der Christianiséirung (-50 bis +400 n. Chr.) duerch déi (och nach net homogeen) réimesch Poopstkierch vun hire Pateren, oder vu konvertéierten Druiden a Barden néiergeschriwwen. Do muss een awer betounen, datt déi Néierschrëfte vun den erzielten Iwwerliwwerungen erwisenermoossen net ëmmer ganz "texto" ausgefall sinn. Beim Liese mierkt een, datt verschidde Passagë bewosst "christianiséiert" goufen, oder datt Feeler beim Iwwersetzen aus dem Gäleschen, dem Brytoneschen (ursprénglech walisesch Sprooch) a besonnesch aus deene villen ireschen Dialekter entstane sinn. Do kommen nach déi Feeler dobäi, déi sech beim Interpretéiere vu keltesch-mythologeschen Eegenheeten erageschlach hunn.

Ëm 830 n. Chr., huet de chrëchtleschen, walisesche Pater Nennius als éischten eng Chronik opgestallt: "Historia Brittonum", Geschicht vun de Britten. Iwwer d'Gallier an d'Ire gëtt et mat Wëssen näischt Vergläichbares. Bei deenen Opzeechnungen ass warscheinlech villes ignoréiert oder och falsch interpretéiert ginn. Vun den Ire gëtt et nëmmen déi Geschicht vum Tuan McCairill senge Metamorphosen, déi awer och erëm ze vill mythesch a mystesch verfaasst ass, fir als Zäitdokument gëllen ze kënnen.

Eréischt zanter dem hl. Patrick (389-461), dem hl. Willibrord (658-739), dem hl. Colomba (521(?)-597), dem hl. Ninian (360-432) an dem hl. Kentigern (518-613) gëtt et schrëftlech Opzeechnungen an autobiographesch Notizen iwwer deene Missionnairen hiert Liewen a Wierken, wouraus een och Réckschlëss op den deemolege Kulturstand vun de Kelten zéie kann. Ëm déi Zäit war och d'Christianiséirung an den Ae vun der réimescher Kierch ofgeschloss - offiziell um Enn vum 4. Jh., mä inoffiziell eigentlech ni. Déi meescht keltesch Britten, Iren a Gallier (och d'Germanen) haten - obwuel se sech zum Chrëschtentum bekannt haten - nieft der chrëchtlescher Relioun och nach hir al Mythen an Traditiounen oprecht gehalen, an/oder mat der neier Relioun vermëscht. Dofir gouf méi spéit vun den éischten Historiker och vun enger "chrëchtlesch-keltescher Kierch" geschwat, déi sech praktesch a ganz Mëtteleuropa verbreet hat.

D'Réimer waren net bis Irland komm, soudatt do de Chrëschtentum e bësse méi spéit eréischt, an haaptsächlech duerch den hl. Patrick (haut den Nationalhellege vun Irland) wierksam agefouert gouf.

Vun der irescher Variant vum Druidentum gëtt et ausser mythesch Iwwerliwwerungen an Erzielungen net vill, wat fir eng méi seriös Duerstellung ze gebrauchen ass. De Prinzip an de Pantheon ware méi oder wéineger déi selwecht wéi a Britannien, Gallien an och a Spuenien. Ëstlech am sougenannte Galatien gouf et e puer Ofwäichungen, well do den direkten Afloss vun anere Vëlker méi grouss war. Den Afloss op de mëttleren (Hallstatt-Zäit) a westlechen Deel (La-Tène Zäit) vun Europa, besonnesch laanscht d'atlantesch Küst war a reliéisen an a kulturellen Hisiichte souzesoen en Hannerland, an deem alles e besse méi spéit un d'Rulle koum wéi soss anzwousch. Den Norden (Wikinger, Da(e)nen asw.) gouf nach méi spéit eréischt erfaasst.

Philologesch war den Druidentum eng polytheistesch Weltbetruechtung a si ass besonnesch doduerch opgefall, well si eng Hellewull vu méi wéi 400 Gëtter a Gëttinnen opzeweisen hat. Vun där Abberzuel Divinitéite sinn déi allermeescht haut guer net méi bekannt.

Well d'Réimer de Kelten hir Gëtterhierarchie ni richteg duerchkucke konnten, hu si iwwer de Wee vun der "Interpretatio Romana" de Kelten hir Gëtter romaniséiert. Dat selwecht hunn och d'Griiche gemaach. Sou gouf aus dem kelteschen Teutates de réimesche Merkur, aus dem Cernunnos de Pluto, aus dem Grannu den Apollo oder aus dem Lenus de Mars asw. Si hunn domat einfach d'Aspekter vun de Gottheete matenee verglach a se gläichgestallt. Doraus si vill Mëssverständnisser entstanen, déi haut nëmme méi schwéier erëm riichtzebéie sinn.

Déi keltesch Relioun hat eng Eegenaart, déi deenen anere Vëlker (ausser de Germanen, déi bal d'selwecht strukturéiert waren) ongewinnt war. Den Druidentum war reng mythologesch ugeluecht an huet d'Naturwiesen, d'Naturrecht, d'Gëtter, d'Mënschen, d'Déiren an déi organesch a mineralesch Ëmwelt enk matenee verbonnen, souzesoen ontrennbar aneneen agebonnen. Dat Sakraalt gouf vum Profane guer net getrennt. Béid Aspekter hunn zesummen déi keltesch Liewensbetruechtung an -astellung duergestallt. Als Ganzt huet sech de keltesche Glawen aus hirer astrologescher Siicht u Sonn- a Moundfester manifestéiert, dem sougenannte keltesche Joreskrees, an deem quasi alles integréiert war.

Obwuel si u vill Gëtter gegleeft hunn, haten d'Kelten iwwer allegueren nach ee méi héijen: den Ur-Druid. Dësen Ur-Druid stellt déi eng villfälteg an onnennbar Gottheet duer, déi vun Ufank un do war an déi ëmmer an Entwécklung bleift, also net definitiv ass, mä wandelbar. Zou dëser metaphysescher Ur-Gottheet huet sech eng méi naturorientéiert Gottheet gesellt: "Terra mater" oder "Magna mater", d'Äerd als Mamm vun allen an allem. Déi zwou Divinitéite goufe symbolesch verbonnen an zesummegehale vun engem Bam, am Prinzip vun enger Eech (e wichtege keltesche Symbol), dem Liewensbam. Duerch hir Äscht huet si de metaphysechen Ur-Druid iwwer hire Stamm an hir Wuerzele mat der Erdmamm verbonnen: nom Prinzip "uewe wéi ënnen". Do ass en direkten Hiwäis op eng Trinitéit, déi een ënner anerem souwuel an der aler Ur-Gnosis wéi och an der chrëschtlecher Relioun erëmbegéint.

Welten änneren

Bei hinne gouf et näischt, wat een direkt mat Himmel an Häll hätt vergläiche kënnen. Hir Sphäre waren anescht agedeelt an net sou polariséieret wéi am Chrëschtentum. Si haten eng "dëssäiteg Welt" an eng "déisäiteg Welt", mä déi zwou Welte waren net vunenee getrennt a stoungen och net an Oppositioun. Déi déisäiteg Welt war ëmmer present an der dëssäiteger Welt (an ëmgekéiert) An der Mythologie gëtt dat bildlech sou duergestallt, datt de Kelten hir Druiden, hir Helden a verdéngten Zaldoten zu jiddwer Moment konnten tëscht deene Welten hin an hier goen. Si hunn an der déisäiteger Welt geeschteg a kierperlech Kraaft recuperéiert a sech gerengegt, eng Aart vu Katharsis (dat gëtt allegoresch duerch d'Seeche vum Gott Dagda erzielt, dee säi Besuch a senger déisäiteger Welt aus dem magesche Kessel vun den Thuata de Danann - e Kessel, deen ni eidel gouf - gefiddert huet). Seng Visiteuren hu sech mat alen, verstuerwene Frënn getraff, hu gefeiert a sech ameséiert. Den Doud war hinne praktesch onbekannt, op d'mannst hu s en net gefaart an als d'Enn vum Liewe verstan, well si dovun ausgaange sinn, datt si no hirem Ausscheeden aus der dëser Welt an der anerer weidergelieft hunn. An deem Zesummenhank kurséiert nach ëmmer eng Diskussioun, ob een dat Weiderliewe mat Reinkarnatioun gläichstelle kéint, oder ob et eng spezifesch Eegenaart vum keltesche Glawen duerstellt.

(De Kelte gëtt am Zesummenhank mat hirer Relioun och de Glawen un d'Séilewanderung an un d'Reinkarnatioun nogesot. De Glawen un d'Séilewanderung geet aus hire Reesen an déi déisäiteg Welt ervir. De Glawen un d'Reinkarnatioun dogéint ass nach ëmmer Spekulatioun. Engersäits behaapten d'Unhänger vum Pythagoras (oder sengem Uerden) datt hien de Kelten de Gedanke vun der Reinkarnatioun vermëttelt hätt, anerersäits behaapte verschidde Fuerscher, datt d'Kelte bei hire Reesen an Iwwerfäll a Griicheland de Gedanke vun der Reinkarnatioun eréischt dohin exportéiert hätten an datt d'Schoul vum Pythagoras déi Iddi iwwerholl an ausgebaut hätt.)

Fir an hir déisäiteg Welt eranzekomme gouf et mystesch Portaler a Ritualer. Allgemeng gëtt gesot, dat deejéinegen, deen op déi aner Säit wiesselt, a senger lénkser Hand e sëlweren Dolch hale misst. D'Bedeitung vum Dolch an d'Betounung vum Metall sinn nach net gekläert. Fir an déi déisäiteg Welt eranzekommen, hu si missen duerch eng Paart goen (z. B.: Tir nan Og > "Tir" steet fir Agank, Paart, Portal asw.). Dem normale Stierfleche war déi Faveur awer nëmmen op Samhain (quasi Halloween) vergonnt. Op deem Dag konnte si sech mat de Geeschter (Sidhe) austauschen.

Deen Austausch goung der Iwwerliwwerung no ëmmer frëndlech hier. Eréischt no der Wierkung vun der Christianiséierung an enger méiglecherweis pejorativer Iwwersetzung, resp. Interpretatioun vun deem sakralen Aspekt, kruten déi keltesch Geeschter (urprénglech déi verbannten Nokomme vun den Thuata de Danann, piktesch, schottesch, walisesch a bretonesch Korrigans, Gnomen, Zwergen, Wiichtel, Leprechauns asw.) eng negativ Konnotatioun als "Dämonen", déi dem Mënsch nëmme schueden a Schlechtes wëllen. Déi Geeschter géifen d'Mënsche verzauberen, verfluchen a si géife kleng Kanner friessen. Heiansdo hunn d'Geeschter de Mënschen och e Kuckucksee ënnergejubelt, andeems se eent vun hire Bee mat engem mënschleche vertosch hunn, fir doduerch de Geeschter hiert Iwwerliewen an der Gesellschaft ze garantéieren. Do kënnt och de Begrëff "Wechselbalg" hier.

E puer vun deene mythologesch-mystesche Portaler solle sinn zum Beispill zu Newgrange (Brugh na Boine) bei Dublin, am Killarney Naturpark (the breasts of Dana), zu Stonehenge (wat guer net vun druidesch-kelteschem Urspronk ass), zu Carnac a Locronan an der Bretagne a besonnesch zu Glastonbury/Wales (de mythologeschen Agank vun Avalon). Aner déisäiteg Welten hunn d'Kelten ënner d'Mier an op Insele gesat, wou entweeder d'Helden a d'Gëtter oder schéi Fraen a Männer sech zeréckgezunn hunn (Insel vun der Freed, Insel vun de Fraen asw.). Déi eenzeg vun engem griicheschen Auteur festgehale keltesch Seechen iwwer d'Welte vun de Kelten erzielt, datt ee vun hire ganz ale Gëtter - de Bran - vu sengem Bouf op sou eng Insel an eng Hiel verbannt gouf, wou hie ganz eleng weidergelieft soll hunn. Déi Insel ass der Beschreiwung no mat dem haitege Grönland identifizéiert ginn. Dat seet net vill iwwer déi déisäiteg Welt aus, mä et bestätegt, datt d'Kelten zumindest schonn eng Anung vu Land hanner dem Mier haten.

Druiden änneren

Dat wat haut iwwer den ursprénglechen Druidentum an hir Priisterkast bekannt ass, hu mir also aus zweeter, heiansdo souguer nëmmen aus drëtter Hand. Dat Meescht hu mer vum Cäsar selwer an aus e puer griichesch Texter, déi an hiren Aussoen dem Cäsar sengen zimmlech änlech sinn.

Deene Leit hiren Opzeechnunge no hätten d'Kelten eng eise Reegel gehat, nämlech näischt a geschriwwener Form festzehalen. Dat hätt besonnesch fir d'Mythen, d'Ritualer, d'Kulter an hir Wëssenschafte gegollt. Déi reliéis Léier (déi all déi Themeberäicher a sech vereent huet) wier nëmme mëndlech vum Priister op säin Elève vermëttelt ginn. Den Cäsar schreift, datt dës Ausbildung zum Druid bis zu zwanzeg Joer dauere konnt a praktesch all Wëssenschafte vun där Zäit begraff hätt.

Wann et keng schrëftlech Opzeechnunge iwwer dat Sakraalt gëtt, heescht dat net, datt d'Kelten net hätte schreiwen a liese kënnen. Iwwer hiren Handel hu si z. B. zimmlech genee Buch gefouert. Dofir hu se d'Oghamschrëft an donieft och nach d'griichesch Sprooch benotzt. Laténgesch Opzeechnunge sinn éischter rar an d'Runeschrëft hu si mat Wëssen net applizéiert.

Bei den Druiden huet et sech ëm eng "geeschteg Elite" gehandelt, déi sech net op d'Priistertum beschränkt huet, mee eng zimmlech wäit gestreete Muecht hat. Si waren - sou d'Definitioun vum Druid - mat alle gëttleche Kënschte bekannt a vertraut, hu mat de Gëtter kommunizéiert a souzesoen als Vermëttler vum gëttleche Wonsch oder Uerder fungéiert. Deeselwechten Usaz fënnt een och am fernëstlesche Schamanimus. De Réimer an de Griiche war dës Form vu Priistertum friem, well si an hirer Relioun keng haaptamtlech Priistere kannt hunn.

Verännerung änneren

Den Iwwergank vun der animistesch an naturverbonnener, heednescher Relioun an d'Chrëschtentum ass op d'mannst a Britannien an Irland ouni Bluttvergéisse geschitt. Déi gallesch, brittesch an iresch oder gälesch Kelten haten, wéi et schéngt, keng grouss Problemer fir de Sprong vun hirer op déi aner Relioun ze maachen, ouni doduerch op e groussen Deel vun hiren eegenen Traditioune verzichten ze mussen. Dat louch méiglecherweis dorun, datt déi réimesch Kierch sech méi am Hannergrond gehalen huet, an d'Bekéierung vun den Heeden hire keltesch ofstämmege chrëschtlesche Bëscheef iwwerlooss huet. Dobäi sollten déi lokal a regional Eegenheete repektéiert ginn. Den hl. Augustinus (354-430), Bëschof vun Hippo Regius, huet drop bestanen, dat baussenzegt Sakraalt (rituell Gebaier an helleg Plazen) an d'keltesch Dignitairen an déi jesuittesch Weltbetruechtung mat anzebezéien. Hie sot:

"Loosst eis hir Ariichtungen net zerstéieren, mä eisem Här, dem Jesus weien".

Déi eenzeg Konzessioun, déi d'Kelten hu missen akzeptéieren, war d'Personifikatioun vum Däiwel als dat Béist. Den Däiwel, oder e Synonym dofir, gouf et virdrun an der keltescher Relioun net.

Wann een haut e groussen Deel vun eise Feierdeeg, grousse Festdeeg a Joreszäite méi genee ënnersicht an och aner al Traditioune mat der Lupp kuckt, fënnt een eraus, datt Villes dovun nach op ural keltesch a germanesch Bräicher zeréckzeféieren ass, déi am Laf vun der reliéiser Verännerung a Mëtteleuropa vum Chrëschtentum assimiléiert goufen. Beispiller: Samhain > Halloween > Allerséilen/Allerhellegen - Summersonnewend a Wantersonnewend > Ouschteren a Chrëschtdag an aner besonnesch Deeg oder Joreszäiten. Duerch Kalennerännerunge stëmmen zwar déi Datume vun de Kelten net méi sou genee mat eisen iwwereneen, mä den Zesummenhank ass nach gutt z'erkennen.

Neien Druidentum änneren

Nodeem déi chrëschtlech Relioun sech an Europa och als Kierch méi oder wéineger fest installéiert hat, gouf et ronderëm den Druidentum roueg. Tëscht dem 8. an dem 17. Jh. huet bal kee Mënsch méi dovu geschwat.

Dofir hat awer an der Kierch der Däiwel d'Box un an d'Groussinquisitioun war op der Sich no Hexen, Ketzer an Däiwelsdénger. Am 14. Jh. koum de grousse Chisma, un deem d'kathoulesch Kierch op een Hoer zerbrach wier.

Den da Vinci huet de Mënsch dat dräidimensionalt Kucke geléiert a queesch duerch Europa si geheim Loge wéi Onkraut aus dem Buedem geschoss. De Luther huet seng Theesen op d'Kierchepaart geneelt a verschidde geheim Uerden, wéi beispillsweis d'Illuminaten an d'Rousekräizer goufe verbueden. D'Fräimaurer hate sech zu engem gudden Deel nach mat Zäit no England a Schottland ofgesat. Do goufe si a Rou gelooss an hate genuch Zäit fir sech vun der Klappjuegd um Kontinent erëm z'erhuelen.

England hat sech aus der Hetz um Festland erausgehalen an huet de Loge fräie Raum gelooss, fir sech z'installéiren a weider z'entwéckelen.

Et ass haaptsächlech op de Reverend Stuckeley zeréckzeféieren, datt am 18. Joerhonnert matzen an der Reformatiounszäit déi éischt Druideloge gegrënnt gouf. De Stuckeley war schonn deemools geuecht fir seng Ausmiessungen zu Stonehenge a seng Theorien iwwer d'Entstoe vun deene monumentale Steereien. Hien huet quasi de Grondstee fir en neien Druidentum a gläichzäiteg och fir en neien Heedentum geluecht.

Literatur änneren

Zäitgenëssesch Literatur änneren

  • Geoffrey Ashe:: Mythology of the British Isles. London 1990
  • Renate Brendel (Hrsg.): Keltische Sagen aus dem alten Irland. Wiesbaden 1984
  • Ingeborg Clarus: Die Keltischen Mythen. Düsseldorf 2005
  • Barry Cunliffe: Die Kelten und ihre Geschichte München 2004
  • Jean Markale: Druiden. Augsburg 1995
  • Jean Markale: Die keltische Frau. München 1985
  • Jean Markale: Le Christianisme celtique. Paris 1983
  • Hans-Joachim Zillmer: Kolumbus kam als letzter. München 2004
  • Maitland A. Edey: Anfänge des Seehandels. Amsterdam 1974
  • Maitland A. Edey: Lucy. New York 1970 (zesumme mat dem Donald Johanson)
  • Angus Konstam: Die Kelten. Wien 2005
  • Janine Fries-Knoblach: Die Kelten - Stuttgart 2002
  • Duncan Norton-Taylor: Die Kelten. Amsterdam 1974
  • Sylvia & Paul Botheroyd: Keltische Mythologie von A-Z. München 1991
  • Anne Ross: Pagan Celtic Britain. London 1974
  • Time Life: Mystische Stätten. Amsterdam 1988
  • Frank Trippett: Die ersten Reitervölker. Amsterdam 1974
  • Robert Wernick: Steinerne Zeugen früher Kulturen. Amsterdam 1973
  • Stefan Zimmer: Die Kelten. Mythos und Wirklichkeit. Stuttgart 2004
  • Helmut Birkhan: Kelten. 2. Aplo. Wien 1997
  • Ursula Clemen/Kurt Schier (Ed.): Irische Märchen: München 1971
  • Joseph Chardronnet: Histoire de Bretagne. Paris 1977
  • Martin Kuckenburg: Die Kelten in Mitteleuropa. Stuttgart 2004
  • Lancelot Lengyel: Das geheime Wissen der Kelten. Freiburg.i.B. 1976
  • Hans Jonas: Gnosis - Frankfurt/a/M 1999
  • Hans Leisegang: Gnosis - Stuttgart 1955
  • Jean Gebser: Ursprung und Gegenwart - Schaffhausen 1986

Literatur aus der Antiquitéit änneren

  • Cäsar: Der gallische Krieg (De Bello Gallico) Köln 2005
  • Geoffrey of Monmouth: Historia Regum Britanniae, (lat.) London 1929
  • Geoffrey of Monmouth: Vita Merlini - (dt.), Amsterdam 1978
  • Chrétien de Troyes: Le Chevalier au Lion/Yvain - Paris 1960
  • Chrétien de Troyes: Le Roman de Perceval/Le Conte du Graal - Genf 1959
  • Thomas Malory: Koenig Artus, Leipzig 1977
  • Strabo: Geographica, Wiesbaden 2005
  • Herodot: 9 Bücher zur Geschichte, Wiesbaden 2004

Um Spaweck änneren

Commons: Relioun vun de Kelten – Biller, Videoen oder Audiodateien