De Reinhard Marx, gebuer den 21. September 1953 zu Geseke an Nordrhein-Westfalen ass zanter 2007 kathouleschen Äerzbëschof vum Äerzbistum München a Freising an zanter dem 20. November 2010 Kardinol. Domat ass de Marx och President vun der Freisinger Bëschofskonferenz.

Reinhard Marx
Gebuer 21. September 1953
Geseke
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit kathoulesche Priister, Schrëftsteller, Theolog, Universitéitsprofesser

Virdrun, vun 2001 bis 2007, war hie Bëschof vum Bistum Tréier.

Säin Nofollger, de Stephan Ackermann, de virege Weibëschof, gouf den 8. Abrëll genannt.

Seng Devise änneren

Als Devise huet de Bëschof Marx ubi spiritus Domini ibi libertas, "wou de Geescht vum Här wierkt, do ass Fräiheet", E Sproch aus dem zweete Bréif vum Apostel Paulus un d'Glawensgemeng vun der griichescher Stad Korinth (2. Kor. 3,17).

Seng Texter (Auswiel) änneren

  • Ist Kirche anders?: Möglichkeiten und Grenzen einer soziologischen Betrachtungsweise, Paderborn, 1990, Schöningh Verlag. Band 29 vun Abhandlungen zur Sozialethik.
  • Wirtschaftsliberalismus und katholische Soziallehre, gedréckte Faassong vun engem Virdrag, deen de Reinhard Marx de 15. Februar 2006 an der Albert-Ludwigs-Universität zu Freiburg gehalen huet, op Invitatioun vum Walter-Eucken-Institut.

Um Spaweck änneren

Commons: Reinhard Marx – Biller, Videoen oder Audiodateien