De Regulus (α Leonis) ass deen hellste Stär am Stärebild Leo (Léiw). De laténgeschen Numm bedeit Klenge Kinnek oder Prënz.

Kaart vum Stärebild Leo (Léiw). Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer

De Regulus ass 77,5 Liichtjoer vun der Sonn ewech an huet eng visuell Magnitude vun 1,36m bei enger absolutter Hellegkeet vun -0,2m. Hie gehéiert zu der Spektralklass B7.

De Regulus kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a (ganz seelen!) vu Planéite bedeckt ginn. Déi lescht Bedeckung vum Regulus duerch e Planéit war den 9. Juli 1959 duerch d'Venus, déi nächst ass den 1. Oktober 2044, nees duerch d'Venus. Aner Nimm fir de Regulus sinn: Al Kalb al Asad, Cor Leonis ("Häerz vum Léiw"), Kabeleced, Kalb, Kelb, Rex.

Koordinaten

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren