Régional

(Virugeleet vu(n) Regional)
Régional
Gegrënnt: 30. Mäerz 2001[1]
Opgehalen: 2013
IATA-Code: YS
ICAO-Code RAE
Ruffzeechen: Régional
Sëtz: Bougenais bei Nantes
( Frankräich)
Flott: 49 (2012)
Destinatiounen: 45 (2012)

Régional, kuerz fir Régional Compagnie Aérienne Européenne,[1] war eng franséisch regional Fluchgesellschaft, déi Air France-KLM gehéiert huet. Si ass 2016 an der Fluchgesellschaft Hop! opgaangen.

Geschicht änneren

Régional gouf 2001 mat der Fusioun vu Flandre Air (mat Sëtz zu Lille), Regional Airlines (mat Sëtz zu Nantes) a Proteus Airlines (mat Sëtz zu Dijon a Saint-Étienne) gegrënnt.[1] All d'Fligeren hunn d'Faarwe vun Air France gedroen. De Sëtz vu Régional war de Fluchhafe vun Nantes. 2012 goufen et all Dag ronn 300 Flich vu Régional an d'Airline ass 20 Destinatiounen a Frankräich a 25 Destinatiounen an Europa ugeflunn.[2] Deemools hat si 1,700 Employéeën, dovu 490 Piloten a 350 anert Bordpersonal. 2011 si 4,2 Millioune Passagéier mat Régional geflunn.[2]

2013 goufe Régional an zwou aner regional Fluchgesellschaften, Airlinair a Britair, an der Mark Hop! regroupéiert, engem neie Pol fir Kuerz- a Mëttelstréckeflich vun Air France. Zil war et mat Hop! eng konkurrenzfäheg Bëllegfluchgesellschaft vun Air France ze etabléieren.[3]

Flott änneren

Am Juni 2012 hunn der Régional 49 Fliigere gehéiert:[4]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 regional.com: About REGIONAL - History (Internet Archive vum 27. Februar 2012)
  2. 2,0 2,1 regional.com: About REGIONAL - Key Figures (Internet Archive vum 27. Februar 2012)
  3. Le Monde: Avec Hop !, Air France s'attaque aux compagnies low cost (28. Januar 2013)
  4. regional.com: About REGIONAL - Fleet (Internet Archive vum 14. Juni 2012)