Regierung Juncker-Asselborn I

Koalitiounsregierung

D'Regierung Juncker-Asselborn I war eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi aus de Chamberwale vum 13. Juni 2004 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si ass den 31. Juli 2004 vereedegt ginn a bestoung aus 13 Ministeren, engem Ministre délégué an enger Staatssekretärin.

De Jean-Claude Juncker an de Jean Asselborn (Foto vun 2015)

Den 22. Februar 2006 goufen e puer Portefeuillen ëmverdeelt: De Jean-Louis Schiltz huet d'Verdeedegung vum Luc Frieden iwwerholl, an d'Octavie Modert gouf zousätzlech Staatssekretärin fir Kultur, Héichschoulerzéiung a Fuerschung.

Zesummesetzung änneren

  • Jean-Claude Juncker (CSV): Premierminister; Staatsminister; Finanzminister
  • Jean Asselborn (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister a Minister fir Immigratioun
  • Fernand Boden (CSV): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Minister fir de Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau
  • Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Famill an Integratioun; Ministesch fir Chancëgläichheet
  • Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Erzéiungs- a Bildungsministesch.
  • Luc Frieden (CSV): Justizminister; Budgetsminister (bis Februar 2006 och Verdeedegungsminister)
  • François Biltgen (CSV): Aarbechtsminister; Minister fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung; Minister fir de Kultus
  • Jeannot Krecké (LSAP): Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel; Sportsminister
  • Mars Di Bartolomeo (LSAP): Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung
  • Lucien Lux (LSAP): Ëmweltminister; Transportminister
  • Jean-Marie Halsdorf (CSV): Inneminister a Minister fir Landesplanung
  • Claude Wiseler (CSV): Minister fir Ëffentlech Verwaltung a Verwaltungsreform; Minister fir Ëffentlech Aarbechten
  • Jean-Louis Schiltz (CSV): Minister fir Zesummenaarbecht an Humanitär Hëllef; Minister fir Kommunikatioun; zanter Februar 2006: Verdeedegungsminister
  • Nicolas Schmit (LSAP): Delegéierte Minister fir Aussebezéiungen an Immigratioun
  • Octavie Modert (CSV): Staatsekretärin fir d'Relatioune mam Parlament; Staatssekretärin fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; zanter Februar 2006: Staatsekretärin fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung

Um Spaweck änneren