E Reedel ass eng einfach Virriichtung, fir eng Dier (oder soss eppes, dat sech u Jarnéiere beweege léisst) sou zouzemaachen, datt se blockéiert ass.

E Reedel; riets déi 2 Lächer fir e Klauschter

E Reedel besteet aus engem flaache, längelzege Stéck, dat an enger Schinn hin an hier rëtscht, déi um mobilen Deel (also z. B. der Dier selwer) festgemaach ass. Dëst Stéck kann, wann d'Dier zou ass, ënner e Stéck gerëtscht ginn, dat um festen Deel (der Zarg oder der Mauer) festgemaach ass, soudatt d'Dier blockéiert ass.

Fir ze verhënneren, datt een e Reedel beweegen a sou d'Dier opmaache kann, ass dee Wupp vum längelzege Stéck, deen am wäitste vum Bord ewech ass, perpendikulär zur Dier no vir gebéit an huet e Lach. Wann d'Stéck an enger Positioun ass, datt et d'Dier zouhält, kënnt dat no vir gebéitent Stéck widder en anert, an deem op der selwechter Héicht och e Lach ass. Sou kann een duerch déi zwéi Lächer e Klauschter hänken, dat et onméiglech mécht, d'Stéck ze réckelen.