Redu ass eng belsch Uertschaft a Sektioun an der Gemeng Libin an der Provënz Lëtzebuerg.

Redu
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Gemeng Libin
Koordinaten 50° 00’ 25.41’’ N
      05° 09’ 36.65’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6890
Websäit https://www.redu-villagedulivre.be

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Redu eng eegestänneg Gemeng déi aus den Uertschafte Lesse, Redu a Séchery bestanen huet. Dozou hunn nach follgend Häff a Lieu-dite gehéiert: Bonhé, Boucats, Bracantième, Champs des Fonds, Cortil là-haut, Fougères, Hamaide, Hérin, Hesse al Fosse, Molhan, Moranfosse, a Rot. Déi fréier Gemeng war 1823 gegrënnt ginn, a koum 1839 bei d'Provënz Lëtzebuerg.

Redu ass virun allem ënner dem Numm "Redu, village du livre" (Duerf vum Buch) bekannt. 1984 gouf am Bicherduerf nom waliseche Modell vun Hay-on-Wye den éischte Bichermaart um Kontinent ofgehalen, deen iwwer den Ouschterweekend 15.000 Visiteuren ugezunn huet. Haut gëtt et zu Redu eng 22 Bicherbutteker. All Joer kommen eng 200.000 Leit op Redu.

Zu Redu steet eng Antennestatioun vun der europäescher Weltraumorganisatioun. Si gehéiert zum ESTRACK, dem Netzwierk vun de Buedemstatioune vun der ESA. Am Nopeschduerf Transinne steet den Euro Space Center, dee Stagen an Aktivitéite proposéiert fir de Weltraum, d'Planéiten an d'Stären z'entdecken.

Um Spaweck änneren

Commons: Redu – Biller, Videoen oder Audiodateien


Uertschaften an der Gemeng Libin

Sektiounen: LibinAnloyOchampsReduSmuidTransinneVillance