Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Reading FC (Spëtznumm The Royals) ass en englesche Foussballveräin zu Reading am Berkshire. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an dem Football League Championship, der zweethéchster Spillklass am englesche Liga System, dest nodeem si um Enn vun der Saison 2007/08 aus der Premier League ofgestige sinn. De Veräi spillt seng Heemspiller am Madejski Stadion.

Wope vu Reading FC
Wope vu Reading FC

De Veräi gouf 1871 gegrënnt. An der Saison 2006/07 hunn si fir d'éischt an hirer Geschicht an der ieweschter Divisioun vum englesche Foussball gespillt, a koumen do direkt op déi 8. Plaz. 1927 stounge si an der Halleffinall vum FA Cup, wat bis ewell hir bescht Leeschtung an där Kompetitioun ass.

Um Spaweck änneren

(en) Offiziell Websäit vu Reading FC

Commons: Reading F.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien