De Rasalas, op Arabesch رأس الأسد الشمالي Ra's al-assad "Kapp vum Léiw", ass de Stär μ Leonis (My Leonis) am Stärebild Leo. De Rasalas gehéiert der Spektralklass K3 un an huet eng visuell Magnitude vu +4,1 mag. De Rasalas ass ronn 133 Liichtjoer vun der Äerd ewech (Hipparcos Datebank). Aner Nimm sinn: Alshemali, Ras al Asad, Ras Elased Boraelis.

Kaart vum Stärebild Leo (Léiw). Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie