Ralph Copeland

britteschen Astronom

De Ralph Copeland, gebuer den 3. September 1837 zu Woodplumpton (Lancashire) a gestuerwen de 27. Oktober 1905 zu Edinburgh war en engleschen Astronom an den drëtten Astronomer Royal for Scotland.

Ralph Copeland
Gebuer 3. September 1837
Lancashire
Gestuerwen 27. Oktober 1905
Edinburgh
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society of Edinburgh

De Copeland hat vun 1865 bis 1867 Astronomie op der Georg-August-Universitéit Göttingen studéiert a war bis 1869 am Observatoire zu Göttingen bliwwen. 1869/70 hat hien un der zweeter däitscher Nordpolexpeditioun ënner der Leedung vum Kapitän Carl Koldewey deelgeholl. Uschléissend huet de Copeland am privaten Observatoire vum William Parsons, 3. Earl of Rosse geschafft, op deem sengem Landsëtz zu Parsonstown. De Venustransit vun 1874 huet hien op Mauritius observéiert an dee vun 1882 op Jamaika.

Vum 29. Januar 1889 bis 1905 war hien Astronomer Royal for Scotland.

De Ralph Copeland huet 35 NGC-Objeten entdeckt, déi meescht dovu mam 72-Zoll-Reflekter vum William Parsons. Siwen dovun am Stärebild Leo ginn als Copeland-Septett bezeechent.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren