Radiowelle sinn elektromagnéitesch Wellen, deenen hir Wellelängt tëscht 10 cm an 100 km[1] an engem Frequenzberäich vun e puer kHz (Längstwellen) bis ronn 3 GHz (hei schléisse sech d'Mikrowellen un) leie kann. Radiowelle kënnen en natierlechen oder techneschen Urspronk hunn. Si kënnen ouni technesch Hëllefsmëttel (Empfänger) net nogewise ginn.

Geschicht änneren

D'Existenz vu Radiowelle gouf aus theoreeteschen Iwwerleeungen eraus vum James Clerk Maxwell virausgesot a spéider vum Heinrich Hertz experimentell nogewisen.

Technesch Radiowellen änneren

Déi technesch benotzte Frequenze vum elektromagnéitesche Spektrum reechen iwwer d'Langwelle bis zur Terahertzstralung. De Spektralberäich gëtt och mat dem Begrëff „Funkwellen“ beschriwwen, wann déi dozou déngen, Informatiounen z'iwwerdroen. Hiren technesche Gebrauch ass an international vereenbaarte Frequenzbänner gereegelt.

Funk- resp. Radiowelle gi fir d'kabellos Iwwerdroung vu Sprooch, Biller an aner Date wéi Zäitzeechen, fir de Radio, fir Ortung/Terrainsoftaaschtung (Radar) an Navigatioun (GPS, Funkpeilung) gebraucht.

Radiowelle ginn och fir d'Opwierme (Dréchnen, Aushäerden, therapeutesch Zwecker, Mikrowellenuewen) gebraucht, andeems een d'Wäermt bei hirer Absorptioun ausnotzt.

Virkommen an der Natur änneren

Radiowellen entstinn och an der Natur.

Mat de Radiowellen aus dem Weltraum beschäftegt sech d'Radioastronomie. Bekannt ass z. B. d'Stralung vum fräie Waasserstoff an der Mëllechstrooss bei enger Wellelängt vun 21 cm. Aner vun der Radioastronomie ënnersichte Frequenze stame vu Risestären, vu Pulsaren, vu sougenannten aktive Galaxien a vu Quasaren.

Besonnesch wichteg fir d'Entwécklung vun der haiteger Virstellung vum Weltraum war d'Entdeckung vun de Quasaren an der kosmescher Hannergrondstralung. Als éischt gouf 1932 vum Karl Guthe Jansky d'Radiostralung vun der Mëllechstrooss entdeckt. D'Stéierung vun däitsche Radarinstrumenter huet zu der Entdeckung vun enger staarker Radioquell am Sternbild Cygnus (Schwan) gefouert. An der Tëschenzäit si Millioune vu Quelle festgestallt ginn, vun deenen d'Stralung vu Matière mat niddreger Temperatur oder Stréim vu séier elektresch geluedenen Elementardeelercher hierstaamt. D'Sonn a munnech Planéite senden och Radiowellen aus.

Wiederblëtzer fabrizéieren och staark Radiowellen, déi ee fir hir Ortung gebrauche kann.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Radio waves – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2012-01-12. Gekuckt de(n) 2011-07-13.