D'RR-Lyrae-Stäre sinn eng Ënnerklass vun den Cepheiden, déi no dem Stär RR Lyrae am Stärebild Lyra genannt sinn. RR-Lyrae-Stäre veränneren hir Liichtkraaft streng periodesch, dobäi verännert sech och hir Uewerflächentemperatur (6000–7500 °C) an domat och hir Spektralklass.

Entdeckt goufen d'RR-Lyrae-Stäre 1895 vum Solon Irving Bailey duerch eng Analys vu ville Fotoe vum Kugelstärekoup vun der Boyden Station vum Harvard College Observatoire zu Arequipa am Peru. Déi gefonnt Verännerlech hunn an hire Liichtbéi staark Änlechkeet mat den Cepheiden opgewisen, nëmmen d'Periode waren am Verglach mat den Cepheide mat 80 Minutte bis 20 Stonne méi kuerz.

Bei geneeëm Hikucken hu si sech awer däitlech vun den Cepheiden ënnerscheet. No engem ganz séieren, awer géien a kuerzen Hellegkeetsopstig ass e laange Minimum mat zimmlech konstantem Minimalliicht gefollegt. D'Amplitude leien tëscht 0,2 an 2 Gréissteklassen. D'RR-Lyrae-Stäre sinn am Verglach zu den Cepheide méi liichtschwach. Nodeem een ufanks RR-Lyrae-Stären nëmmen a Kugelstärekéip fonnt huet, verdeele sech déi ronn 6.000 déi bekannt sinn, ongeféier zur Hallschent a Kugelstärekéip a baussenzeg vun de Kugelstärekéip.

D'RR-Lyrae-Stären hunn ongeféier d'hallef Sonnemass, si mat dem fënneffache Sonnenduerchmiesser awer méi grouss wéi déi. Si sinn Risestäre mat de Spektralklassen A an F a ginn och als Haaptverännerlecher bezeechent. Bei verschiddene vun dëse Stäre sinn ausserdeem Form an Amplitud vum Liichtbou periodesch verännerlech, wat sech duerch de Blazhko-Effekt erkläre léisst.

Soubal een d'Period vun dësen Objete bestëmmt huet, kennt ee wéinst der Period-Liichtkraaft-Bezéiung hir absolut Hellegkeet a kann doraus d'Distanz berechnen. RR-Lyrae-Stäre hunn eng mëttel absolut Hellegkeet vun ongeféier +0M.5 wat enger Liichtkraaft vu ronn 90 Sonneliichtkräfte gläichsteet.

Op Grond vun hirem relativ héijen Alter hu si wéineg schwéier Elementer, obwuel d'cheemesch Zesummesetzung zimmlech ënnerschiddlech ka sinn. Déi metallräichst Stäre vun dëser Kategorie weisen Undeeler wéi eis Sonn op, wärend anerer nëmme ronn een Honnertstel vum Metallundeel vun eiser Sonn hunn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren