Querflütt
Klassifikatioun Aerophon
Holzblosinstrument
Tounëmfank
Klangbeispill Toundokument Klang ? / i
Änlech Instrumenter Piccoloflütt
Museker
Kategorie:Flüttisten

D'Querflütt ass e Museksinstrument aus der Famill vun den Aerophonen, méi genee en Holzblosinstrument.

D'Querflütt besteet hautdesdaags meeschtens aus Metall, war awer ursprénglech aus Holz. Den Numm kënnt dohier well se queesch zum Mond gehalen an ugeblose gëtt. Am Géigesaz zur Blockflütt gëtt et kee Kanal duerch deen d'Loft op eng Kant gefouert gëtt, mä de Spiller bléist direkt op eng Kant vum Ubloslach, do gëtt de Loftstroum da gebrach a generéiert den Toun. D'Tounhéicht hänkt vun der Zuel an der Kombinatioun vun de Grëfflächer déi mat de Fangere vum Spiller zougehale ginn an och vun der Intensitéit vum Loftstroum of.

Querflütt (Moossstaf = 10 cm)

Nieft der Querflütt gëtt et nach eng Piccoloflütt, déi nëmmen hallef sou grouss ass an eng Oktav méi héich kléngt. Fir déi sinn souwuel hëlze wéi metallen Ausféierungen ze fannen.

Hëlzen a metalle Piccoloflütt (vun uewen, Moossstaf = 10 cm)

Um Spaweck änneren

Commons: Querflütten – Biller, Videoen oder Audiodateien