De Quartier latin (lëtz.: laténgesche Quartier) ass den traditionelle Studentequartier zu Paräis. Den Numm kënnt dohier, well d'Studenten an hir Professeren op der Sorbonne fréier Latäin geschwat hunn. De Quartier latin ass awer kee Quartier am administrative Sënn.

D'Université de la Sorbonne vun der Place de la Sorbonne aus.
De Palais du Luxembourg vum Jardin du Luxembourg aus.

Den historeschen Zentrum vum Quartier latin ass d'Sorbonne an e läit am 5. a 6. Arrondissement vu Paräis.

An de Quartier een iwwer d'Metrosstatiounen: Saint-Michel, Cluny-La Sorbonne.

De Qartier ass haut ganz touristesch beaflosst, an huet eng sëllege Stroosse mat Bistroen, Caféen a Souvenirsbuttécker.

Mä och d'Studente sinn nach ëmmer do, wat virun allem un der héijer Konzentratioun vu Schoule läit, déi et di gëtt. Nieft der Sorbonne sinn d'Gebaier vun der Université Paris II Panthéon Assas, vum Campus de Jussieu (mat den Universitéite Paris VI a Paris VII), der Paris III Sorbonne-Nouvelle, dem Collège de France an der Bibliothéik Sainte-Geneviève. Ausserdeem sinn déi prestigiéis an historesch Lycéeën a Collègen (Louis-le-Grand, Henri-IV, Saint-Louis, Stanislas, Fénelon, Montaigne...) a verschidde Grandes écoles (Mines, Beaux Arts, École normale supérieure, an den Institut supérieur d'électronique de Paris (ISEP) an deem Quartier. D'Librairien am Quartier hu sech dann och ganz op hir, gréisstendeels, Studenteclientèle spezialiséiert.

An de 60er Joren a virun allem am Mee 1968 war de Quartier latin ee vun den Zentre vun de Studentebeweegungen.

Als Uspillung op de Paräisser Quartier heescht zu Köln an Däitschland de Beräich ronderëm de Rathenauplatz an den nërdlechen Deel vun der Zülpicher Straße am Stadtdeel Neustadt-Süd, Kwartier Latäng.

Kuckeswäertes am Quartier latin änneren

Um Spaweck änneren

  Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.