Quality Chess ass ee Schachverlag mat Sëtz zu Glasgow, deen am Joer 2004 vun dräi Schachspiller gegrënnt gouf: dem IM Ari Ziegler, dem GM Jacob Aagaard an dem GM John Shaw.

De Verlag konzentréiert sech éischter op d'Qualitéit vun hire Publikatioune wéi op d'Quantitéit. 2005 krut dem GM Mihail Marin säi Buch Learn from the Legends: Chess Champions at Their Best den Book of the Year-Präis vun ChessCafe.com. 2007 huet d'Buch San Luis 2005: How Chess Found Its Champion vum Alik Gershon a vum Igor Nor an 2010 Attacking Manual 1 & 2 vum Jacob Aagaard de Book of the Year-Präis vun der English Chess Federation gewonnen.

Um Spaweck änneren