D'Provënz Lunda Norte ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Nordoste vum Land a grenzt am Süden a Südosten un d'Provënz Sul an am Westen un d'Provënz Malanje. Nërdlech an nordëstlech läit d'Demokratesch Republik Kongo.

D'Provënz Lunda Norte (rout) an Angola

Si huet eng Fläch vu ronn 103.000 km².[1]

Der Vollekszielung 2014 no hat si 799.950 Awunner, wat 3,3 % vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[2]

Staark Secteuren an der Ekonomie vun der Provënz sinn de Biergbau, besonnesch fir Diamanten a Gold, de Bausecteur an d'Déierenzuucht.[3]

D'Haaptstad vun der Provënz ass Dundo. Virdru war et Lucapa.

Referenzen änneren

  1. Portal Oficial do Governo da República de Angola (offiziell Säit vun der angolanescher Regierung): O Perfil de Angola (gekuckt den 13. Dezember 2017)
  2. Resultados Preliminares do Recenseamento Geral da População e da Habitação de Angola 2014, September 2014, Säit 27: "População Por Província e Sexo", erofzelueden hei
  3. Beschreiwung vun der Provënz um Websäit vum angolanesche Konsulat am Texas