Protein

cheemesch Verbindung
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Protein (Eewäiss) ass e Polymer vun Aminosaieren (tëscht 100 an e puer Dausend) déi mat enger Peptidbindung verbonne sinn, dowéinst kann een och Polypeptide soen. (Bei manner wéi 100 Aminosaiere schwätzt een normalerweis vun engem Peptid).

protein model mosaic.

Struktur änneren

Primärstruktur änneren

D'Primärstruktur vun engem Protein ass d'Reiefolleg vun den Aminosaieren, sou wéi se vun den RNS virgeschriwwen ass.

Sekundärstruktur änneren

D'Sekundärstruktur entsprécht der Positioun am Raum vun de Aminosaieren, d'Aminosaierekette bleift nämlech net linear mä faalt sech soudatt d'Energie bannent dem Moleküll méiglechst kleng ass. Dobäi si verschidde Strukture besonnesch heefeg unzetreffen:

  •  -Helix: ass eng riets Spiral mat engem Duerchmiesser vun 120 nm.
  •  -Blaat: d'Aminosaiere sinn am Zickzack organiséiert.

D'Sekundärstrukturen gi stabiliséiert duerch Waasserstoffbrécken tëscht de Waasserstoff- a Sauerstoffatomer vum Proteinskelett (also net de Säitekette vun den Aminosaieren)

Tertiärstruktur änneren

D'Tertiärstruktur ass d'Organisatioun vun de verschiddenen Sekundärstrukturelementer ënner sech. Déi Organisatioun gëtt bestëmmt duerch net-kovalent Bindungen tëscht den Aminosaieresäiteketten, z. B. London-Dispersiouns-Kräfte, Salzbrécken, Disulfidbrécken (déi sinn allerdéngs kovalent). E Protein kann nëmmen aktiv sinn, wa seng Tertiärstruktur korrekt ass.

Quaternärstruktur änneren

Verschidde Proteinne brauche méi Polypeptidkette fir funktionell ze sinn, z. B. Hämoglobin. D'Quaternärstruktur beschreift wéi déi verschidde Molekülle mussen am Raum organiséiert si fir ze funktionéieren.

Funktiounen änneren

An den Organismen hunn d'Proteinne ganz verschidden a villsäiteg Aufgaben, z. B.

  • Struktur vun der Zell
  • Transport vu Substanzen
  • Katalys als Enzymer
  • Ofwier (Antikierper)
  • Aminiosaierereserv

Synthees änneren

Bal all d'Proteinne ginn duerch Ribosomen zesummengesat déi eng RNS liesen. (kuckt Molekularbiologie an Translatioun). E puer (kleng) Proteinne kënnen duerch Enzymer zesummegesat ginn, an deem Fall kënnen och speziell Aminosaieren agebaut ginn, déi net am geneetesche Code virgesi sinn.

Proteinnen als Nierstoff änneren

Proteinnen erfëllen an alle Beräicher vum Kierper wichteg Aufgabe vu verschiddenen Aarten. Si sinn de Grondbaustee vun allem Liewen. Si bilden nieft de Kuelenhydrater an de Lipiden den Haaptbestanddeel vun der mënschlerer Ernierung. De Kierper besteet aus 15 bis 20 % aus Proteinnen, mä e brauch awer dauernd d'Opnam vun hinnen, well e se net selwer produzéiere kann.

Déi Proteinnen déi mam Iessen opgeholl ginn an eng aner Aminosaierkombinatioun hunn, wéi déi Proteinnen déi am mënschleche Kierper sinn, ginn am Daarm duerch Enzymer an hir Bestanddeeler zerluegt. Da gi si dem nei zesummegesat datt si dem Kierper sengen Ufuerderungen entspriechen.

Um Spaweck änneren

Commons: Proteinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien