Prospekt Nauki (Проспект Науки) ass e russesche Verlag, deen technesch a wëssenschaftlech Literatur, Léierbicher an Noschlouwierker fir Wëssenschaftler a Studenten erausgëtt.

Logo vum Verlag Prospekt Nauki

De Verlagssëtz ass zu St. Péitersbuerg an ass komplett a Privatbesëtz.

Seng Publikatiounen ëmfassen ë. a. Themë wéi Mikrobiologie, Biotechnologie, Medezin-Technik, Life Sciences, Bauwiesen an Ëmweltmanagement.

Originn vum Numm änneren

Den Numm bedeit Strooss vun der Wëssenschaft. De Verlag krut deen Numm wéinst der Praxis vun der Sowjetunioun, Stroossen no sowjetesche Conquêtë vun der Wëssenschaft oder Technik oder vun Ziler vun der Sowjetkultur ze nennen. Obschonn de Verlag nom Zerfall vum Kommunismus gegrënnt gouf hu seng Grënner sech fir deen Numm decidéiert well déi Bezeechnung de russesche Bierger bekannt ass a well en de Verlagsprogramm mat wëssenschaftleche Bicher reflektéiert.