Prosa (vum laténgeschen: prorsus/prodeo -sënngeméiss: riicht eraus bezeechent déi fräi Ried, am Géigesaz zur Versform, oder der bewosst rhythmescher Sprooch.

Am Géigesaz zum Vers, dee (mat Ausnamen) a metresch geglidderter Form, also an engem gewësse Rhythmus, geschriwwe gëtt, gëtt d'Prosa a Sätz, Ofschnëtter a meeschtens Kapitelen ënnerdeelt.
Wéinst der Komplexitéit vun der Prosa, ass et schwéier eng genee Definitioun ze formuléieren. Am Fong kann ee just de Molière zitéieren, dee sot:
"Tout ce qui n'est pas prose est vers et tout ce qui n'est point vers est prose" Molière, Le bourgeois gentilhomme.

Beispiller vu Prosa änneren

Et ass och méiglech Prosa a Vers mateneen ze vermëschen. De franséische Poet Louis Jacques Napoléon Bertrand, genannt Aloysius Bertrand, huet déi Kombinatioun vun deenen zwou Kategorien als Éischte bewosst benotzt. Allerdéngs kann een och z. B. dem Beaudelaire säi Gedicht "Le Spleen de Paris" zu där Kategorie rechnen, woubäi ee soe muss datt net dat ganzt Wierk "Petits poèmes en prose" als Vermëschung vu Poesie a Vers consideréiert ka ginn.
Hautdesdaags kann ee soen, datt een déi dräi Literaturformen souwuel a Prosa, wéi och a Versform verfaasse kann. Deemno kéint een eng Gebrauchsuweisung vun enger Wäschmaschinn, e legalen Text aus dem Mémorial oder den Harry Potter och a Versform schreiwen. An e Gedicht ka sech deemno liese wéi en Artikel an der Zeitung iwwer e Foussballmatch.

De Francis Ponge schléit vir, déi Kombinatioun vu Prosa a Vers "Proème" ze nennen.

Et existéiert och eng Programméiersprooch déi Prosa-300 heescht.

Kuckt och: änneren

Literatur
Literaturgattungen
Vers
Lyrik
Dramatik
Eepik