FC Progrès Nidderkuer

(Virugeleet vu(n) Progrès Nidderkuer)
Progrès Nidderkuer
Progrès Nidderkuer
Offiziellen Numm: Football Club
Progrès Niedercorn
Grënnung: 1919
Stadion: Stade Jos-Haupert,
Nidderkuer
Plazen: 2 800
President: Marcel Bossi
Trainer: Henri Bossi
Liga: BGL Ligue
Saison: 2021/22
Positioun: 5. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

De Progrès Nidderkuer (offiziell F.C. Progrès Niedercorn) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Nidderkuer. De Veräi gouf 1919 gegrënnt an zielt 2007 ëm déi 650 Memberen.

Championnat spillt de Progrès um Haapterrain vum Stade Jos-Haupert zu Nidderkuer. De Stade ass fir 2 800 Leit zougelooss, 800 Plazen dovu si Sëtzplazen op der Tribün.

Éischt Seniorsekipp änneren

Hir éischt Saison am Lëtzebuerger Championnat hunn d'Nidderkuerer Foussballisten 1919/20 gespillt. 1922/23 ass de Progrès an d'zweethéchst Klass, déi haiteg Éierepromotioun geklommen an huet et zanterhier fäerdeg bruecht ni méi eng Divisioun drënner ze falen.

1926/27 war d'Ekipp eng éischt Kéier an der ieweschter Divisioun. Bis op d'Joer drop (1928) an dunn nach eng Kéier 1936 huet Nidderkuer sech bis 1960 an der Nationaldivisioun gehalen. An där Zäit sinn och déi éischt Titele gewonne ginn: 1933 d'Coupe de Luxembourg an 1953 -zwanzeg Joer méi spéit- d'Championnat.

Staark war de Progrès apaart an de Joren 1977-1982. An deene sechs Saisone gouf Nidderkuer zweemol Champion (1978 an 1981), dräimol Vizechampion a stoung och nach dräimol an der Coupefinall (Victoire 1977 an 1978). Héichpunkt war d'Saison 1977/78 an där déi Schwaarz-Giel den Doublé (Champion a Coupe) gepackt hunn. Et war och déi Zäit wou de Club an Europa gespillt huet (5 Participatiounen).

1989 an dunn nach eng Kéier 1991 ass Nidderkuer aus der Nationaldivisioun erausgefall an huet fir de Rescht vum Joerdausend Éierepromotioun gespillt. Mat Ausnam vun zwou Saisonen um Wupp vun der Nationaldivisioun (2002 an 2003), ass de Progrès och duerno nach zweetklassesch bliwwen ier et du mam Opstig 2005/06 erëm de Bierg op gaangen ass. Zanter 2006/07 spillt Nidderkuer nees an der Nationaldivisioun, wou se als Opsteiger mat enger 7ter Plaz d'Saison op en Enn bruecht huet. Dat war allerdéngs eng Saison wou ganzer 5 Traineren am Asaz waren.

Saison 2007/08 änneren

Fir d'Saison 2007/08 an der Fortis League huet den Ex-Trainer Serge Thill, deen et op 14 Asätz an der Nationalekipp bruecht hat, op eng méi jonk Ekipp gesat, mat net manner wéi 6 Spiller déi am Veräi grouss gi sinn. Den Altersduerchschnëtt läit bei 23 Joer. Hiert Zil ass, net aus der Fortis Leage erauszefalen. No der Virronn steet de Progrès mat 17 Punkten op der 8. Plaz vum Championnat.

Nom Match géint den RFCUL huet de Serge Thill als Trainer demissionéiert fir sech erëm op d'Jugendaarbecht ze konzentréieren. Säi Posten iwwerhëlt virleefeg de Jean-Paul Defrang.

Am Laf vun der Preparatioun war de Jean-Paul Defrang net méi mat der Aarbecht an der Ekipp zefridden an huet doropshin demissionéiert. Den Interim iwwerhëlt de Wilhelm Lex

Nationale Palmarès änneren

Lëtzebuerger Championnat:

  • Champion (3x): 1953, 1978, 1981
  • Vizechampion (5x): 1932, 1937, 1977, 1979, 1982

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (4x): 1933, 1945, 1977, 1978
  • Finalist (3x): 1946, 1956, 1980

Europäesch Kompetitiounen änneren

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
1977/78 EP Pokalgewënner VR   Vejle BK 0-1, 0-9
1978/79 EP Landesmeeschter VR   Real Madrid 0-5, 0-7
1979/80 UEFA Cup 1R   Grasshopper-Club Zürich 0-2, 0-4
1981/82 EP Landesmeeschter VR   Glentoran FC 1-1, 0-4
1982/83 UEFA Cup 1R   Servette Genève 0-1, 0-3

VR: Virronn, 1R: Éischt Ronn

Dammenekipp änneren

D'Dammenekipp vum Progrès Nidderkuer (FC Progrès Dames) gouf 1972 gegrënnt an ass net nëmmen eng vun den éischten am Land gewiescht, mä och déi bei wäitem erfollegräichsten an der Geschicht vum Fraefoussball zu Lëtzebuerg. Nidderkuer war bis ewell fofzéngmol Lëtzebuerger Champion an huet d'Coupe de Luxembourg zweemol däerfe matheemhuelen (Stand: 2007).

Tëscht 1978 an 1984 hunn d'Nidderkuererinnen am belsche Championnat a vun 1991 bis 1998 an deem vum Saarland gespillt.

2001/02 huet Nidderkuer beim UEFA Women's Cup participéiert, hat awer géint déi staark auslännesch Ekippen näischt ze gutt an ass ouni Gol an ouni Punkt direkt an der éischter Ronn erausgeflunn.

Fir d'Saison 2006/07 hat de Progrès keng Dammenekipp fir d'Championnat ugemellt.

Nationale Palmarès änneren

Lëtzebuerger Championnat änneren

  • Champion (15x): 1975, 1977, 1978, 1985, 1986, 1987, 1988, 1989, 1999, 2000, 2001, 2002, 2003, 2004, 2005

Coupe de Luxembourg änneren

  • Gewënner (2x): 2002, 2003
  • Finalist (2x): 2004, 2005