Eng Presomptioun ass e Mechanismus duerch dee vun enger bekannter Tatsaach op eng onbekannt Tatsaach geschloss gëtt.

Am Droit änneren

Am Droit renverséiert eng Presomptioun d'Beweislaascht: Eng Partei leet eng schwéier beweisbar onbekannt Tatsaach vun enger méi einfach beweisbarer a bekannter of, déi déi éischt als warscheinlech erschénge léisst. Déi induktiv juristesch Technik erlaabt deem, deen dovu profitéiert, amplaz vum schwéiere Beweis just déi einfach beweisbar Tatsaach nozeweisen. Dat bedeit dann, datt am Fall vun enger refragabeler Presomptioun (d. h. enger Presemptioun, déi widderluecht ka ginn), et un der Géigepartei ass fir nozeweisen, datt déi presuméiert onbekannte Saach net existéiert (wat dacks net einfach ass).

Einfach Presomptioun änneren

Eng Presomptioun gëtt einfach genannt wa se refragabel ass, d. h. wa se widderluecht a gebrach däerf ginn. Dat gëtt awer net ëmmer vum Gesetz erlaabt. E Beispill vun enger einfacher Presomptioun ass déi vun der Responsabilitéit vun den Eltere bäi engem Verschëlde vun hire mannerjärege Kanner.

Irrefragabel Presomptioun änneren

Eng Presomptioun ass irrefragabel wann d'Gesetz et net erlaabt de Géigebeweis unzetrieden a se sou eventuell ze briechen. Irrefragabel Presomptioune si rar a kënne just per Gesetz als solch definéiert ginn.

Hiert Zil kann et sinn fir Akten z'annuléieren, déi frauduléis schéngen (z. B. presuméiert d'Gesetz datt eng Donatioun un eng Persoun aus der noer Famill vun enger incapabler Persoun a Wierklechkeet fir dës incapabel Persoun geduecht ass - déi présuméiert Fraude annuléiert d'Donatioun an et ass net erlaabt ze beweisen datt d'Donatioun effektiv fir déi Persoun aus der noer Famill selwer war).

Hiert Zil kann et awer och sinn, fir verschidde Justizakten z'ënnerbannen (z. B. presuméiert d'Gesetz datt en Debiteur seng Schold bezuelt huet wann de Creancier him fräiwëlleg d'Original vum privatschrëftleche Scholdtitel ginn huet - de Creancier kann dann net méi op d'Geriicht goen a seng Sue verlaangen, souguer wann e se wierklech nach net kritt hätt).

Kuckt och änneren