Prekmuresch

slawesch Sprooch
Prekmuresch
Prekmürščina, Prekmörščina, Prekmürski jezik, Prekmörski Jezik
Gëtt geschwat an: Slowenien, Ungarn (Emigranten an den USA, Däitschland, Éisträich)
Regioun: Europa
Gëtt geschwat vun: 80.000 - 90.000
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Indo-Europäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun:
Reglementéiert vun:
Sproochcoden
ISO 639-1
ISO 639-2
ISO 639-3 {{{iso3}}}

Prekmuresch oder Übermuresch, Pannonesch-Sloweenesch (slow.: prekmurščina, prekmurski jezik, prek.: prekmürščina, prekmörščina, prekmörski jezik, prekmürski jezik, oder panonska slovenščina) zielt zu de südslawesche Sproochen, et asse eng separat sloweenesch Mondaart mat 80-90 dausend Riedner a Slowenien, an Übermurland (Prekmurje) an an Ungarn (bei Szentgotthárd).

Dës slawesch Sprooch huet d'Graphemer ü an ö, charakteristesch sinn och déi heefeg Diphthonger ou, au, ej, aj.

  Prekmurescht Alphabet
Аа Áá Bb Cc Čč Dd Ee
Éé Ff Gg Gjgj Hh Ii Jj
Kk Ll Mm Nn Oo Öö Pp
Rr Ss Šš Tt Uu Üü Vv
Zz Žž

D'Téin, D'Intonatioun an d'Palataliséierung ass och anescht wéi am Sloweeneschen.

Deen eelste bekannten Text, deen op Prekmuresch geschriwwe gouf, ass aus dem 16. Joerhonnert. Et ass d'Al Gesank-Buch aus Martjanci (Stára martijanska pesmarica, Stara martjanska pesmarica). De Ferenc Temlin huet dat éischt gedréckte Buch an där Sprooch publizéiert: Mali katechismus ("Klenge Katchëssem") vum Martin Luther. Den István Küzmics an de Miklós Küzmics hunn d'Bibel iwwersat (Nouvi Zákon/Neit Testament, Szvéti evangyeliomi/Helleg Evangelien).

Fir ze vergläichen: Eise Papp (Prekmuresch, Sloweenesch a Lëtzebuergesch) änneren

Sloweenesch Prekmuresch Lëtzebuergesch
Oče naš, ki si v nebesih,

posvečeno bodi tvoje ime,
pridi k nam tvoje kraljestvo,
zgodi se tvoja volja
kakor v nebesih tako na zemlji.
Daj nam danes naš vsakdanji kruh
in odpusti nam naše dolge,
kakor tudi mi odpuščamo svojim dolžnikom,
in ne vpelji nas v skušnjavo,
temveč reši nas hudega. Amen.

Oča naš, ki si vu nebésaj!

Svéti se Ime tvoje.
Pridi králestvo tvoje.
Bojdi vola tvoja,
kak na nébi, tak i na zemli.
Krüha našega vsakdanéšnjega daj nam ga dnes.
I odpüsti nam duge naše,
kak i mi odpüščamo dužnikom našim.
I ne vpelaj nas vu sküšávanje.
Nego odslobodi nas od hüdoga. Amen.

Eise Papp am Himmel,

gehellegt sief däin Numm.
Däi Räich soll kommen,
däi Wëll soll geschéien
wéi am Himmel sou op der Äerd.
Gëff eis haut eist deeglecht Brout,
verzei eis eis Schold,
wéi mer och deene verzeien,
déi an eiser Schold sinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Prekmuresch – Biller, Videoen oder Audiodateien