De Pranab Kumar Mukherjee (প্রনব কুমার মুখার্জী); gebuer den 11. Dezember 1935 zu Mirati, a Westbengalen a gestuerwen den 31. August 2020 zu Nei-Delhi, war en indesche Politiker a vum 25. Juli 2012 bis de 25. Juli 2017 de 14. President vun der Republik Indien.

Pranab Mukherjee
Gebuer 11. Dezember 1935
Gestuerwen 31. August 2020
Nei-Delhi
Doudesursaach COVID-19
Nationalitéit Indien
Educatioun Universitéit vu Kalkutta
Aktivitéit Politiker, Autobiograph
Partei Indeschen Nationalkongress

Hienn huet Droit op der University of Calcutta studéiert an huet seng Carrière als Affekot an Universitéitsdozent ugefaangen. Hien huet och Geschicht a Politikwëssenschafte studéiert.

1969 gouf hie fir d'éischt an d'Rajya Sabha gewielt an e puermol erëmgewielt, fir d'Lescht 1999. 1995-1996, an 2006 bis 2009 war hien Ausseminister. Dono gouf Finanzminister ënnert dem Premierminister Manmohan Singh, ier en da fir d'Presidentewale kandidéiert an déi gewonnen huet.

Hie war bestuet a Papp vun 3 Kanner.