D'Prüm ass e 95 km laange Floss an der Äifel (Rheinland-Pfalz). Si huet hir Quell an der Schneifel tëscht Ormont a Reuth op enger Héicht vu 650 m am Arenberger Forst.

Prüm
An anere Sproochen fr: Prüm
de: Prüm
Längt 85 km
Debit 119,0 m³/s
Fläch vum Baseng 888,758 km²
Originn
Héicht ca. 650 m
Leeft an Sauer
D'Prüm tëscht Prümzurlay an Irrel.

Si leeft duerch d'Gemengen Neuendorf, Olzheim, Niederprüm, Prüm, Watzerath, Pittenbach, Pronsfeld, Lünebach, Merlscheid, Kinzenburg, Waxweiler, Niederpierscheid, Mauel, Merkeshausen, Echtershausen, Hamm, Wiersdorf, Hermesdorf, Wißmannsdorf, Brecht, Oberweis, Bettingen, Wettlingen, Peffingen, Holsthum, Prümzurlay, Irrel a Menningen

Tëscht Prümzurlay an Irrel mécht si e klenge Waassefall, dee, jee nodeem, "Prümer Wasserfälle" oder "Irreler Wasserfälle" genannt gëtt.

Zu Holsthum gëtt si duerch d'Enz an zu Irrel duerch d'Nims gefiddert. E bësse méi wäit, zu Minden leeft d'Prüm an d'Sauer.

Um Spaweck änneren

Commons: Prüm – Biller, Videoen oder Audiodateien