Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg

nationale Verband vun de Kraaftdräikampf- a Gewiichthiewen-veräiner zu Lëtzebuerg

D'Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg, gekierzt PWF oder PWFL, ass den nationale Verband vun de Kraaftdräikampf- a Gewiichthiewen-veräiner zu Lëtzebuerg.

Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg
Ofkierzung PWFL
Grënnungsdatum ëm 1908
(Asbl 04.07.2006)
Sëtz 3, route d'Arlon
L - 8009 Stroossen
President Gaston Parage
Generalsekretär Gaston Parage
Tresorier Denis Leider
Websäit http://www.pwf.lu/

D'PWFL ass 1908 ënner dem Numm Union des athlètes luxembourgeois gegrënnt an de 4. Juli 2006 als Asbl registréiert ginn[1]. Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL a vun: International Weightlifting Federation (IWF), European Weightlifting Federation (EWF), FILA, Conseil européen des luttes associées (CELA), International Powerlifting Federation (IPF) an European Powerlifting Federation (EPF).

Geschicht änneren

Am Laf vun der Zäit huet d'Federatioun hiren Numm e puermol changéiert[2]:

  • 1908/1909[3]: Union des athlètes luxembourgeois
  • 1920: Fédération luxembourgeoise des poids et haltères et de lutte
  • 1968: Fédération luxembourgeoise d'haltérophilie, de lutte et de culturisme
  • 1984: Fédération luxembourgeoise d'haltérophilie, de lutte et de powerlifting
  • 2022: Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg

Organisatioun änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Presidenten änneren

De President vun der PWFL ass zënter Mäerz 2020 de Gaston Parage.

Fréier Presidenten[4]: änneren

  • 1909-1920: M. Kirsch
  • 1920-1921: J.B. Feltgen
  • 1921-1923: M. Breser
  • 1923-1928: J.B. Feltgen
  • 1928-1930: Michel Schettle
  • 1930-1953: Josy Comes
  • 1953-1964: Gusty Schumacher
  • 1964-1967: J.P. Scholtes
  • 1967-1984: Jean Philippe
  • 1984-1994: Jean Engel
  • 1994-1994: François Schneider
  • 1994-1995: Raymond Schummer (ff)
  • 1995-1996: Jean Engel (ff)
  • 1997-1997: Guy Hoffmann
  • 1997-2003: René Deville
  • 2003-2016: Alain Hammang
  • 2016-2020: Frank Klein

Membere vun der FLHLP[5] änneren

  • CAD Power
  • De klenge Stemmveräin Diddeleng
  • Le coq Neudorf
  • SC Hamm 1970
  • Silverbacks

Um Spaweck änneren


Referenzen an Notten änneren

  1. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F2724 agedroen
  2. (fr)Historique Fédérale. PWFL. Gekuckt de(n) 2023-12-16.
  3. De Veräin huet 1986 seng 75 Joer „mat 2 Joer Verspéidung“ gefiert (cf Broschür um Spaweck, S. 9).
  4. (fr)Historique présidents. PWFL. Gekuckt de(n) 2023-12-16.
  5. (fr)Clubs Membres. PWFL. Gekuckt de(n) 2023-12-16.