Poupée de cire, poupée de son

Lidd vun France Gall

Poupée de cire, poupée de son ass e Lidd vun der franséischer Sängerin France Gall, komponéiert vum Serge Gainsbourg. Et war déi lëtzebuergesch Bedeelegung am Grand Prix Eurovision Song Contest 1965 zu Neapel, gesongen op Franséisch.[1]

De Serge Gainsbourg, d'France Gall an de Mario Del Monaco bei der Präisiwwerreechung 1965

Mat deem Lidd konnt Lëtzebuerg fir déi zweet Kéier de Grand-Prix gewannen.

D'France Gall huet och eng däitsch (Das war eine schöne Party), eng italieenesch (Io sì, tu no) an eng japanesch Versioun (Yume Miru Shanson Ningyō) vum Lidd opgeholl. Et gouf vun anere Kënschtler a villen anere Sproochen adaptéiert, dorënner op Arabesch, Dänesch, Englesch, Estnesch, Finnesch, Hebräesch, Hollännesch, Koreanesch, Portugisesch, Russesch, Schweedesch, Spuenesch, Tschechesch, Ungaresch a Vietnameesesch.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Eurovision Song Contest 1965