De Poufank (Fringilla coelebs) ass e Sangvull aus der Famill vun de Fénken (Fringillidae).

Poufank
E Poufank-Männchen

E Poufank-Männchen
E Poufank-Männchen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Fénken (Fringillinae)
Gattung: Fringilla
Wëssenschaftlechen Numm
Fringilla coelebs
L., 1758

Ausgesinn änneren

De Männchen ass uewen um Kapp an um Hals blogro, Ënnendrënner ass e brongrout, de Schniewel ass groblo. D'Frächen ass uewendrop gréngelzeg-brong, ënnendrënner hellgro-brong, hire Schniewel ass hellbrong. Allenzwee hunn se opfälleg wäiss Sträifen un de Flilleken a gréngelzeg Fiederen un der Krippchen. Se gi 14 bis 18 Zentimeter grouss a weie ronn 20 Gramm. Wann d'Poufanken um Buedem trëppelen, juppelen se mam Kapp. Hire Fluch ass wellenaarteg.

Verbreedung an Habitat änneren

De Poufank ass an Europa, an Nordafrika, an a Westasie verbreet, wou en an de Bëscher, mä och a Parken a Gäert bis an enger Héicht vun ongeféier 1.500 Meter lieft. En zielt zu deene Sangvullen, déi et an Europa am dackste gëtt. Op der Insel Madeira gëtt et eng endeemesch Ënneraart, de Madeirapoufank.

Kascht änneren

D'Poufanke friesse Bieren, all Zorte Geseems, Insekten a Spannen. D'Jippelcher gi mat Insekten an deenen hire Larve gefiddert.

Gesank änneren

Gesank vun engem Poufank

Reproduktioun änneren

 
D'Weibchen
 
En Nascht
 
Fringilla coelebs

De Männche markéiert säi Revéier am Fréijoer duerch haarde Gesang. D'Weibche baut an enger Héicht vun 2–10 m an engem Bam e gutt getarntent Nascht mat décke Wänn, dat bannendran mat Hoer, Plommen, asw. ausgepolstert gëtt. Am Joer gëtt et zwou Bréiechte mat jee 4 -6 hellbrongen oder bloelzeg-wäissen Eeër, déi rout bis donkelbrong gepierpelt sinn. D'Eer ginn 13-14 Deeg ausgebréit. Déi Jonk gi 14 Deeg vun den Eltere gefiddert, duerno verloosse se d'Nascht.

Nimm änneren

Nieft "Poufank" gëtt de Villche regional och nach Boufank, Puffank (Musel, Veianen), Bouféck, Bopitt, Boupitt, Pénkerchen, Bëschkäppchen (Léiler), Bëschvigelchen oder Bëschvillchen (Eislek, Kielen) genannt.[1]

Kuriéises änneren

Zu Lëtzebuerg nennt sech e Naturisteveräin De Poufank.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Poufank – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Klees, H. (1981): Luxemburger Tiernamen (inbegriffen, in 2. Auflage, die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen). Luxemburg (= Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV): S.33.